EU-Programm 2019

Ganz am Sënn, d’Politik z’erneieren an eng kohärent Äntwert iwwer national Grenzen eraus ze ginn, huet Volt fir d’Europawalen a ganz Europa mat enger eenzeger Iddi Reklamm gemaach: Der Erklärung vun Amsterdam.

Dëst visionäert a realistescht Dokument gouf mat Beiträg vun Honnerte vu Fräiwëllege verfaasst, vun Experte gepréift an op eiser Assemblée Générale zu Amsterdam am Oktober 2018 demokratesch ugeholl. Et ass eise Plang fir Europa an déi Verflichtungen, déi mir fir eis Aarbecht am Europäesche Parlament aginn. Mat dëse Verflichtunge wäerte mir nei Energie an d’Politik bréngen an dat Europa gestalten, dat mir alleguerte brauchen.

Iwwer d’Verflichtungen an der Erklärung vun Amsterdam eraus huet Volt eng detailléiert Versioun entwéckelt, an där fir all Verflichtung erkläert gëtt, wéi eng Moossname fir d’Ëmsetze vun eiser Visioun néideg sinn.

Leis eis Walprogramm fir d'Walen zum Europäesche Parlament 2019.

Déi 5+1 Erausfuerderungen

Volt huet 5+1 fundamental Erausforderungen definéiert, déi mir an all europäeschem Land an an Europa als e Ganzt mussen ugoen.

Firwat 5+1 Erausfuerderungen?

Déi 5 Erausfuerderungen sinn am Fong an all Land déi selwecht, mä hier Ëmsetzung kann op nationalem Niveau ugepasst ginn, fir datt dee lokale Kontext berücksichtegt gëtt.

D’+1 Erausfuerderung – eis Propose fir eng Reform a Stäerkung vun der EU – ass an all eisen nationale Programmer d’selwecht.

D'Detailer vun eiser Visioun kucken
  • 01

    En intelligente Staat

    Educatioun an Digitaliséierung sinn d’Schlësselelementer vum 21. Joerhonnert.

  • 02

    Eng ekonomesch Renaissance

    Eng innovativ Wirtschaft muss de Motor fir de Fortschrëtt an der Gesellschaft sinn.

  • 03

    Sozial Gläichberechtegung

    Kee soll zréckgelooss ginn - onofhängeg vum Geschlecht, dem Akommes, der Relioun oder der Hierkonft.

  • 04

    E globalen Ausgläich

    Europa muss Verantwortung iwwerhuelen fir seng Roll an de globalen Erausfuerderungen.

  • 05

    D'Stäerke vun de Bierger*innen

    D'Leit mussen dozou incitéiert ginn, d'Politik net just mat de Walen ze beaflossen.

  • +1

    EU-Reform

    Mir hunn d'EU immens gären - dat heecht awer net, datt een se net méi verbessere kann.