two golden hands holding a golden heart

Eis Grondwäerter

Volt Lëtzebuerg huet am Mee 2020 seng Grondwäerter an Iwwerzeegungen zu Pobeier bruecht.

Mir sinn...

Europäesch

Woman putting her ballot with a european flag on it
  • Mir gleewen, datt een eng nohalteg Zukunft an enger globaliséierter Welt um Niveau vun der EU, mä och op engem lokalen Niveau, ugoe muss. D’Staate mussen hir Befugnisser iwwert an ënnert sech delegéieren.

  • Mir halen d’Stäerkung vun de Bierger*inne fir immens wichteg a verurteelen d’Iwwermuecht vun de Lobbyen.

  • Mir si fir gereegelt Referendumen als e speziellt Instrument fir wichteg Entscheedungen, déi awer fir d’Chamber verbindlech solle sinn, a mir si fir eng méi direkt europäesch Demokratie.

  • Mir valoriséiere Sécherheet, Responsabilitéit an Transparenz an der nationaler an europäescher Politik.

  • Mir gleewen drun, datt all europäeschem Bierger*in déi selwecht Rechter zoustinn a mir si fir eng vollwäerteg europäesch Nationalitéit..

Nohalteg

Engineers talking about solar panels and wind turbines
  • Mir si fir en nohaltegt Finanzwiesen, dat och responsabel ass.

  • Mir fannen, datt d’Educatioun, de Gesondheetssystem an d’Recherche zu de Kärberäicher vun all Regierungspolitik fir eng nohalteg Gesellschaft zielen.

  • Mir schätzen d’Ëmwelt; mir këmmeren eis ëm de Klimawandel an ëm d’Erhale vun den Ekosystemer.

  • Mir mengen, datt een zouverlässegen a wäit am Land verfügbaren ëffentlechen Transport e Kärelement fir eis Zukunft ass.

  • Mir si fir laangfristeg Investissementer par rapport zu kuerzfristege Beneficer a mir wëlle séchergoen, datt d’Finanzéierung och dem mënschleche Wuesstem déngt, amplaz datt de finanzielle Wuesstem nëmme vu sech selwer profitéiert.

Pragmatesch

people holding a big white paper together in their hand
  • Mir sinn net domat d’accord, de soziale Progrès dem Wuesstem vun der Wirtschaft ze afferen.

  • Mir fannen d’Transparenz vun de Finanzinstitutioune wichteg.

  • Mir verflichten eis dozou, d’technologesch Entwécklung souwuel ethesch wéi och integrativ unzegoen.

  • Mir fannen, datt et jidderengem sollt méiglech sinn, zu Lëtzebuerg eng Wunneng zu engem abordabele Präis ze fannen.

Progressiv

  • Mir verurteele rietsextrem Positiounen a mir si fir eng harmoniséiert an integrativ Immigratioun.

  • Mir ënnerstëtzen aktiv d’Gläichberechtegung vun all Mënsch, onofhängeg vu Geschlecht a sexueller Orientéierung, an all Initiativ, déi d’Verletze vun dëser Gläichberechtegung ëffentlech verurteelt.

  • Mir si fir e Gläichgewiicht tëscht Progressivismus an dem Erhale vun der kultureller Identitéit.

  • Mir ënnerstëtzen d’Erhale vun der Lëtzebuerger Sprooch an deem wichtege kulturellen Ierwen, soulaang wéi och all Awunner*in déi selwecht Meenungsfräiheet an Inklusioun offréiert kritt.

Innovativ

Light bulb on top of a very colourful and abstract background
  • Mir mengen, datt Lëtzebuerg bei der Transitioun zu engem ëmweltfrëndleche Land mat guddem Beispill ka virgoen, a sech dobäi vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser leede soll. Mir halen et fir wichteg, datt Lëtzebuerg an eng besser Waasserqualitéit an an erneierbar Energien investéiert.

  • Mir sinn ëmmer oppe fir de Fortschrëtt, mir gleewen un eng politesch Éierlechkeet a mir behalen eis dat Recht vir, eis Meenung opgrond vun den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser z’änneren.