Volt Rainbow

Eis Visioun

Volt huet 5+1 fundamental Erausforderungen definéiert, déi mir an all europäeschem Land an an Europa als e Ganzt mussen ugoen.

Dat si mir

Eis Visioun ass een demokratescht an transparent Europa, dat Responsabilitéit fir eis iwwerhëlt. Dowéinst wëlle mir ee vereentent Europa mat enger echter europäescher Demokratie. Mir wëllen ee staarkt Europäescht Parlament, dat Gesetzer proposéieren an een europäesche Premierminister * eng europäesch Premierministesch wiele kann, deen eis*e gewielte Vertrieder*inne géigeniwwer Rechenschaft muss droen. Mir wëllen eng richteg europäesch Regierung, déi am Interessi vun all den Europäer*innen agéiert, fir datt Problemer gemeinsam geléist a Chance kënnen ergraff ginn. Europäesch Politik brauch europäesch Parteien a mat eis kann een eng nei europäesch Zukunft elo och wielen.

Firwat 5+1 Erausfuerderungen?

  • Déi 5 Erausfuerderungen sinn am Fong an all Land déi selwecht, mä hier Ëmsetzung kann op nationalem Niveau ugepasst ginn, fir datt dee lokale Kontext berücksichtegt gëtt.

  • D’ +1 Erausfuerderung – eis Propose fir eng Reform a Stäerkung vun der EU – ass an all eisen nationale Programmer d’selwecht.

1. En intelligente Staat

Educatioun an Digitaliséierung sinn d’Schlësselelementer vum 21. Joerhonnert.

Regierungen sollten fir d’Wuel vun hiere Bierger*innen an Awunner*innen ëffentlech Déngschtleeschtungen op dem neisten Stand vun der Technik ubidden. Dat schléisst mat an:

  • d'Digitaliséierung vum ëffentlechen Déngscht, fir Offall ze reduzéieren an d’Effizienz an d’Qualitéit vun den Déngschtleeschtungen ze verbesseren,

  • d’Moderniséierung vum Educatiounssystem,

  • d’Bereetstelle vun engem héichwäertege Gesondheetswiese fir jiddwereen,

  • d’Bereetstelle vun engem fairen an transparente Rechtssystem, enger effektiver Strofverfolgung wéi och d’Bekämpfe vu Korruptioun a Steierhannerzéiung,

  • d’Garantéiere vun digitale Rechter a Fräiheeten,

  • d’Fuerschung staark z’ënnerstëtzen.

2. Eng Ekonomesch Renaissance

Eng innovativ Wirtschaft muss de Motor fir de Fortschrëtt an der Gesellschaft sinn.

D’europäesch Wirtschafte mussen de Motor fir de Fortschrëtt an der Gesellschaft sinn an een ugemoossenen Liewensstandard fir eis alleguer erméiglechen. An deem Sënn wëlle mir:

  • eng Féierungsroll bei Innovatiounen ustriewen,

  • d’Aarbechtslosegkeet duerch innovativ Aarbechtsmodeller, eng europäesch Aarbechtsplattform an duerch eng vereinfacht Grënnung vu klengen Entreprisen bekämpfen,

  • wirtschaftlech benodeelegt Gebitter erëm opbauen,

  • op eng Kreeslafwirtschaft insistéieren,

  • eng europäesch Initiativ fir kënschtlech Intelligenz virundreiwen,

  • eng europawäit Steier fir Entreprisen aféieren,

  • en eenheetlechten europäesche Sozial- a Steiersystem schafen.

3. Sozial Gläichberechtegung

Kee soll zréckgelooss ginn - onofhängeg vum Geschlecht, dem Akommes, der Relioun oder der Hierkonft.

All Mënsch an Europa mussen déi selwecht Rechter a Chancë garantéiert kréien. Fir dat z’erreechen, wëlle mir eng Politik aféieren, déi

  • Ongläichheeten an Diskriminéierung opgrond vu Geschlecht, sexueller Orientéierung, Ethnie, Relioun, nationaler Hierkonft, Ofstamung oder Hautfaarf stoppt;

  • der Aarmut an der Obdachlosegkeet entgéintwierkt, z.B. duerch soziale Wunnengsbau, Zougang zu Sozialleeschtungen an enger gratis Krankekeess fir jiddwereen;

  • eng gratis Educatioun fir jiddweree garantéiert, vun der Précoce bis zur Héichschoul an der Beruffsausbildung;

  • d’Recht betount, dat all Mënsch op säin eegene Kierper huet, andeems europwäit harmoniséiert Reegelunge fir d’Reproduktiouns-Rechter, Sexaarbecht an engem würdevollen Liewensenn geschaf ginn.

4. Eng global Balance

Europa muss Verantwortung iwwerhuelen fir seng Roll an de globalen Erausfuerderungen.

Mir wëllen eng Politik an enger Linn mat den Ziler fir nohalteg Entwécklung a Beräicher wéi

  • Klimawandel

  • Internationale fairen Handel

  • Nohalteg Landwirtschaft

  • Ernärungssécherheet

  • Biologesch Vilfalt

  • International Zesummenaarbecht an der Entwécklung

Am Beräich vun der Migratioun sëtze mir eis a fir:

  • en neie System fir Flüchtlinge mat engem Prinzip an deem jiddereen eng gerecht Laascht muss droen,

  • d’Eliminatioun vun aktuelle rechtlechen Hürde fir d’Aarbechtsmigratioun,

  • den Opbau vun engem internationale System, dee Flüchtlingskrise soll verhënneren a bewältegen,

  • dat Recht, datt kee*keng Bierger*in an Europa méi muss ouni Nationalitéit sinn.

5. D'Stäerke vun de Bierger*innen

D'Leit mussen dozou incitéiert ginn, d'Politik net just mat de Walen ze beaflossen.

D’Europäer*inne sollen doranner bestäerkt ginn, datt se

  • fundéiert politesch Entscheedungen treffen,

  • an der Lag sinn, Politik iwwert d’Walen eraus ze beaflossen,

  • hier demokratesch Rechter an enger lieweger, widderstandsfäeger a staarker, herrschaftsfräier Demokratie ausüben.

Eis Politik baséiert ëmmer op ee „Best Practices“ wat  d’Fërderung vun enger pluralistescher Informations- a Medielandschaft ugeet. Ausserdeem ass et wichteg, Technologien fir e politescht Engagement an nei Méiglechkeeten, fir Demokratien zum Bléien ze bréngen, z’ënnerstëtzen.

+1 EU-Reform

Mir hunn d'EU immens gären - dat heecht awer net, datt een se net méi verbessere kann.

  • D’Europäesch Unioun ass eise gemeinsame Projet: Mir hunn et geschafft, zesummenzekommen an eng Unioun opzebauen, déi eis säit iwwer siechzeg Joer Fridden a Wuelstand bréngt.

  • Trotzdeem huet se hier kleng Problemer, dowéinst wëlle mir d’EU-Regierung an d’Institutioune reforméieren a stäerken, fir

    • en demokratescht, transparent a staarkt Europa,

    • e fëderalt Europa.

  • Mir schloe konkret politesch Moosname vir, sou datt d’EU nach méi effizient d’Interêten vun all EU-Bierger*in fërderen a schütze kann.