D'Assemblée Génerale vu Volt 2024

Op der Assemblée Générale vu Volt Lëtzebuerg de 27. Januar 2024 gouf e Bericht vun 2023 gedeelt an en neie Comité an eis 6 Kandidat*inne fir d'Europawalen 2024 gewielt.

28. Jan. 2024

Moies de 27. Januar 2024 huet Volt Lëtzebuerg seng Assemblée Général gehat. An deem Kontext gouf d'Joer 2024 Revue passéiere gelooss, dobäi gouf besonnesch op d'Nationalwale vum Oktober gekuckt. Gläichzäiteg gouf en neie Comité gewielt, sou datt de Comité elo aus follgende Membere besteet:

  • Aurélie Dap, Co-Präsidentin

  • Philippe Schannes, Co-Präsident

  • Daniel Silva, Generalsekretär

  • Samuel Moïse, Keessjee

Nieft eisem Comité hunn eis Memberen och iwwer d'Kandidature fir d'Europwalen 2024 ofgestëmmt. Follgend Kandidat*inne wäerten elo fir Volt Lëtzebuerg untrieden:

  1. Aurélie Dap

  2. Philippe Schannes

  3. Conny Jaroni

  4. Lara Marwaha

  5. Daniel Silva

  6. Samuel Moïse

Volt Lëtzebuerg freet sech op en neit, spannend Joer 2024 an op alleguerten déi Events, déi nach dëst Joer ustinn!