Volt Lëtzebuerg war um Festival des migrations

Mir ware mat dobäi op deem grousse multikulturellen Event op der Foire, dat dëst Joer fir déi 41. Kéier stattfonnt huet.

26. Febr. 2024
Four Volters behind their colourful stand

Deen zwee Deeg undauernden Event an den Hale vun der Luxexpo war wéi ëmmer en immens Erliefnis fir all Visiteur. Nieft engem Panoplie vu verschiddenen Iessstänn a Showe waren och politesch Parteie dozou invitéiert, mat engem Stand op hir Aktiounen opmierksam ze maachen. Sou war dann och Volt Lëtzebuerg mat dobäi. Mir hunn nieft Reklamm an eegener Saach duerch Flyeren, Spotte vu verschiddene Volt Chapters an Informatiounen iwwert eise Programm och ë bëssen Ofwiesslung matbruecht... Sou konnt, wien da wollt, bei eis bei engem Fändelquiz matmaachen, fir säi geografescht Wëssen iwwert Europa an d'ganz Welt ze testen. Gewënner kruten da jee no Choix entweder e Volt-Europastär als Kichemagnéit oder ee selwer gebakene Volt-Muffin.

Fir eis war den Event e komplette Succès - vill Leit hu mat eis geschwat a mir hunn interessant Mënsche kennegeléiert, mat deene mir iwwer Europa, seng Problemer, awer och säi Potential schwätze konnten.

Mir freeën eis elo schonns op d'nächst Joer!