Samuel Moïse

Links Samuel

“Wann Europa mat Amerika, China a Japan mathale wëll, musse mer zesummeschaffen. (Jacques Delors)”

Volt Rainbow

Iwwert de Sam

🇪🇺 🇱🇺 🇧🇪

  • 1999 gebuer

  • Student am Droit an am Management

  • Schwätzt Franséisch, Englesch, Lëtzebuergesch, Däitsch an Hollännesch.

  • De Sam koum aleng mat senger Mamm op Lëtzebuerg wéi en 9 Méint al war. Hien ass ursprénglech Belsch an huet e Grousspapp aus Haiti. Hien ass zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaang a studéiert den Ament am leschte Joer vu sengem Studium en Duebelmaster am Droit an am Management op der Universitéit zu Léck. Säin Erasmus huet en a Südkorea an a Kroatie verbruecht an hien ass och schonn duerch de Balkan gereest. Säin Zil ass et, bei der europäescher Kommissioun ze schaffen.

  • A senger Fräizäit leeft de Sam gären (Trails), schwëmmt a reest gären, virun allem uechter Europa. Hien ass e grousse Fan vum Roude Léiw.

Neiegkeeten iwwer Samuel Moïse

Du wëlls eis kenne léieren?

Du kanns eis kenne léieren, andeems de eis kontaktéiers an zu engem vun eisen Evenementer kënns. Eis Meet'n Greets si perfekt, fir sech perséinlech an engem gemittleche Kader ze begéinen. Komm spontan laanscht oder mell dech virdrun un - sou wéi et der passt.

Eis kommend Veranstaltungen