Jugendrot Table ronde

D'lescht Woch huet de Samuel Moïse bei enger Table ronde matgemaach, déi vum Jugendrot zu Dikrech organiséiert gouf an dräi wichteg Sujeten als Thema hat: D'Bedeitung vun der EU fir d'Jugend, d'Landwirtschaft an d'Hotellerie.

4. Mee 2024
A big room full of people sitting

Dëst waren d'Themen, déi de Sam ugeschwat huet:

D'Bedeitung vun der EU fir d'Jugend:

  • D'Noutwennegkeet vun engem eenheetlechen europäeschen Usaz fir de Klimawandel ze bekämpfe gouf ervirgehuewen a säi Potential fir grouss Auswierkungen ënnerstrach.

  • D'Roll vun der EU als eng wichteg Sécherheetsbarrière géint Bedrohunge wéi Russland gouf diskutéiert an hir Bedeitung fir d'Oprechterhale vun enger Stabilitéit um ganze Kontinent gouf ënnerstrach.

  • D'Méiglechkeeten, déi d'EU bitt, wéi z.B. den Erasmus-Programm, goufe betount an de Sam huet erzielt, wéi entscheedend dës Initiativen fir seng perséinlech a berufflech Entwécklung waren.

Landwirtschaft:

  • Et goufen dofir plädéiert, der EU hir Finanzéierung fir landwirtschaftlech Fuerschung an Entwécklung ze verdräifachen fir dat Ganzt méi effikass ze maachen.

  • Et gouff ënnerstrach, wéi wichteg et ass, Familljebetriber and der Landwirtschaft z'ënnerstëtzen an gouf dorops higewisen, datt ëmweltfrëndlech landwirtschaftlech Praktiken onverzichtbar fir eng nohalteg Entwécklung sinn.

  • Et gouf och diskutéiert, datt et wichteg ass, fair Konkurrenz ze förderen a bürokratesch Hindernisser ze reduzéieren, fir datt kleng a mëttelgrouss Betriber wuesse kënnen.

Hotellerie:

  • De Sam huet erklärt, datt Volt envisagéiert déi qualifizéiert Migratioun ze erliichteren fir den Aarbechtsmangel am Horesca-Secteur unzegoen.

  • D'Integratioun vun de Migranten an d'Aarbechtswelt an an der Gesellschaft stoung am Mëttelpunkt, dobäi gouf d'Chancëgläichheet an de Sproochenunterrecht als wichteg ugesinn, fir datt jidderee säi Bäitrag zur Wirtschaft ka verbesseren.

Wärend dem Event huet de Sam och d'Thema vun de Falschinformatiounen adresséiert, besonnesch no enger Behaaptung vun Vertrieder vu "Mir d'Vollek", deen d'Existenz vum COVID-19 a Fro gestallt huet. De Sam huet d'Wichtegkeet betount fir glafwierdeg Informatiounen vu "Fake News" z'ënnerscheeden an huet d'Roll vun enger informéierter Diskussioun bei der Gestaltung vun der ëffentlecher Perceptioun an der Politik betount.

Samuel Moïse speaking into a microphoneNo der Diskussiounsronn huet sech de Sam nach mat enge sëlleche Schüler*innen ëennerhalen, déi méi souwuel méi iwwer Volt, wéi och iwwer déi méiglech Auswierkungen vu politesche Verännerungen an den allgemengen Virdeeler vun der EU-Integratioun gewuer wollte ginn.

Group of EU candidates at the Jugendrot