Walreklamm zu Diddeleng

Gëschter am Nomëtteg huet Volt Lëtzebuerg Ënnerstëtzung vu Frankräich an Däitschland kritt, fir e bësse Reklamm zu Diddeleng ze maachen.

1. Okt. 2023

Vertrieder aus Oochen a Paräis hunn de laange Wee an de Grand-Duché fonnt, fir gemeinsam mat eis d’Leit op de Stroosse vun Diddeleng unzeschwätzen an uerdentlech Reklamm fir eis ze maachen. Mat engem passenden Eurodance-Soundtrack am Hannergrond hu mir fläisseg Flyer verdeelt an op eis opmierksam gemaach. Den nächste Sonndeg, den 8. Oktober, gëtt gewielt a mir hoffen op vill Stëmmen am Süden (an am Osten)!

#WielVolt
#VoteVolt
#WähleVolt
#VotezVolt