Diskussiounsronn zum Auslännerwalrecht

„D'Bréck“ hat den 29. September op eng Table ronde zur Vertriedung vun Net-Lëtzebuerger*innen op legislativem Niveau invitéiert. Volt war dobäi.

30. Sept. 2023

„D'Bréck“ hat den 29. September op eng Table ronde zur Vertriedung vun Net-Lëtzebuerger*innen op legislativem Niveau invitéiert. Volt huet matdiskutéiert.

Nieft der Co-Präsidentin vu Volt, dem Aurélie Dap, waren och agelueden: De Frank Engel (Fokus), de Ricardo Marques (CSV), d’Clara Moraru (Fréier Präsidentin vun CSV International), d’Rita Velazquez Lunghi (LSAP), de Stephen De Ron (déi gréng), d’Line Wies (déi Lénk), den David Gawlik (ADR), den Toni Fernandes (Liberté-Fräiheet), de Roy Holzem (déi Konservativ), den David Foka (CNE), de Christos Floros (Change for Luxembourg) an de Serge Kollwelter (Präsident vum ASTI bis 2009). Duerch den Owend gefouert huet den Athanase Popov, Präsident vun d’Bréck.

Et gouf iwwer eng sëlleg wichteg Aspekter geschwat. Als éischt war der Referendum vun 2015 Thema, wou d’Fro no engem parlamentaresche Walrecht fir Auslänner vun deene meeschte Lëtzebuerger*inne mat Nee beäntwert gouf. D’Fro ass opkomm, ob een eventuell en neie Referendum sollt duerchféieren, well sech d’Mentalitéit eventuell geännert hätt an deen deemolege Referendum a suboptimale Konditioune duerchgefouert gouf. Volt hält dëst allerdéngs net fir déi richteg Method. Et schéngt logesch, datt privilegiéiert Mënschen bei enger Ëmfro wuel kaum hir eege Privileegien opginn. Géif een all Kéier esou virgoen, dann hätte Mënsche mat däischterer Hautfaarf oder Fraen ni d’Walrecht kritt. Volt geet dovunner aus, datt e Referendum net de Krittär duerf sinn, fir iwwert d’Rechter vun enger net-privilegiéierter Minoritéit ze decidéieren.

Duerno gouf erwäänt, datt et mëttlerweil einfach wichteg wier, alleguerten d’Awunner*innen vun engem Land am Parlament ze representéieren, och wa se net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Dat „einfacht“ Kréie vun der Nationalitéit gouf als net zefriddestellend agestuuft, well dëst aner Problemer mat sech bréngt. Sou ass z.B. déi Duebel-Nationalitéit an e puer Länner, wéi z.B. an Holland oder an Éisträich, net méiglech, wat de Problem verursaacht, datt ee seng eegen Nationalitéit a seng Originne muss opginn, fir wielen ze kënnen.

D’Aurélie Dap huet dofir Volt hire Virschlag aus dem Walprogramm ervir gehuewen, an deem d’Walrecht fir EU-Auslänner gefuerdert gëtt. D’Aurélie Dap huet dorops higewisen, datt d’Iddi hei ass, Schrëtt fir Schrëtt e Walrecht fir alleguerten d’Auslänner anzeféieren an et en plus esou ass, datt Lëtzebuerg scho bei de Gemengewale méi wäit geet, wéi d’EU et verlaangt, an deems mer hei och alleguerten den Auslänner an net nëmmen den EU-Auslänner d’Gemengewalrecht ginn.

Et gouf en plus festgestallt, datt Lëtzebuerg nëmmen wéinst der Aarbechtskraaft aus dem Ausland an enger héijer Immigratioun sech konnt entwéckelen. Dowéinst ass et dem Staat Lëtzebuerg seng Flicht, all seng Awunner ze vertrieden, fir eng richteg Demokratie anzeféieren. Ëmmerhin 47,4 % vun der Bevëlkerung hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

D’Fro, wéi ee soss Frontalièrë méi Rechter kéint ginn a wéi een Auslänner zu Lëtzebuerg nach méi kéint ënnerstëtzen, hunn déi meescht Parteien net beäntwert.

Volt setzt sech weiderhin fir d’Stäerke vun de Bierger an a fuerdert bannent Europa e méi staarken Zesummenhalt.

Mir soe der Organisation d’Bréck Merci fir d’Invitatioun an hoffen, datt d’Diskussioun an d’Asetzen fir d’Rechter vun den Net-Lëtzebuerger hei am Land net ophält.