Philippe Schannes

Links Philippe

“Mir sinn dozou verflicht, eise Kanner an Enkelkanner déi beschtméiglech Zukunft ze bidden - dëst geet just iwwert eng radikal a modern Educatiouns- a Klimapolitik.”

Volt Rainbow

Iwwert de Philippe

🇪🇺 🇱🇺

Philippe Schannes smiling
  • 1989 gebuer

  • Professer fir Philosophie am Secondaire

  • Schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

  • De Philippe ass an der Stad gebuer. Hien huet Philosophie a Germanistik op der Uni Lëtzebuerg an op der Eberhard Karls Universitéit zu Tübingen studéiert. No sengen Etuden ass hien op Lëtzebuerg zréck komm fir eng Carrière als Enseignant unzestriewen. Iwwer seng Studenteverbindung hält hien ëmmer nach Kontakt zu Kommilitonen aus Däitschland an Holland. Hien ass bestuet, huet zwee Kanner a wunnt an der Gemeng Biwer.

  • A senger Fräizäit geet de Philippe gären dauchen, spillt Indie-Videospiller (mol op der Xbox, mol op der Switch), liest tendenziell ëmmer méi Sachbicher a genéisst seng Vakanz mat senger Famill op der belscher Côte.

Neiegkeeten iwwer Philippe Schannes

Du wëlls eis kenne léieren?

Du kanns eis kenne léieren, andeems de eis kontaktéiers an zu engem vun eisen Evenementer kënns. Eis Meet'n Greets si perfekt, fir sech perséinlech an engem gemittleche Kader ze begéinen. Komm spontan laanscht oder mell dech virdrun un - sou wéi et der passt.

Eis kommend Veranstaltungen