Volt start offiziell de Walkampf a ganz Europa!

Volt ass déi eenzeg Partei an Europa, déi eng länneriwwergräifend Lëscht mat Kandidat*innen aus 20 europäesche Länner opstellt. Um Campaign Catalyst Event gouf d'Walcampagne a 16 Länner gläichzäiteg ugekënnegt!

8. Abr. 2024

Bréissel, Sonndeg, 7. Abrëll – Volt geet mat guddem Beispill vir a start seng Campagne fir d'Walen fir d'Europäescht Parlament dëse Weekend zu Bréissel mat enger wierklech transnationaler Lëscht an engem staarke Spëtzekandidat*innen-Duo. Deen däitschen Europa-Deputéierten Damian Boeselager an déi hollännesch Europa-Deputéiert Sophie in 't Veld goufe vun de Memberen aus ganz Europa gewielt a wäerten déi entscheedend Persoune fir Volt sinn, fir eng wierklech paneuropäesch Campagne, déi sech e méi gréngt, méi gerecht an innovatiivt Europa bei de Walen zum Europäesche Parlament am Juni zum Zil gesat huet.

Sophie in ‘t Veld and Damian BoeselagerDen Damian Boeselager ass iwwerzeegt:

Geschicht geschitt net einfach esou, mä mir als Individuen hunn d'Muecht z'entscheeden, wéi et weidergeet. Mir hunn dës Verantwortung verstan. Mir weisen Europa, wéi eis Demokratie auszegesinn huet. Mir sinn déi eenzeg wierklech europäesch Partei, déi eng richteg transnational Lëscht mat Kandidat*innen aus 20 verschiddene Länner an deem selwechte Programm an Numm op nationalem an europäeschem Niveau opstellt. Et gëtt vill Parteien, déi sech europäesch nennen, mä et gëtt just eng, déi och tatsächlech ass – an dat ass Volt.

D'Sophie in ‘t Veld dozou:

Ech setze mech säit iwwer 30 Joer mat voller Leidenschaft fir Europa an, mä Spëtzekandidatin fir eng wierklech europäesch Partei ze sinn, dat ass eppes ganz Besonnesches fir mech.

Déi Mënschen, déi den europäesche Projet an d'Liewe geruff hunn, haten d'Kraaft, sech e bessert Europa matzen tëscht de Ruine vum zweete Weltkrich virzestellen. Mir als eenzeg wierklech europäesch Partei sinn elo déi éischt, déi eng wierklech transnational Lëscht mat wierklech europäesche Spëtzekandidat*innen opstellen. Mir weisen Europa: Dëst ass méiglech!

Portrait images of candidates from all over EuropeD'Memberen hu fir déi alleréischt uniounwäit Lëscht fir d'Europawalen ofgestëmmt mat Kandidat*innen aus 20 verschiddenen europäesche Länner (aus Albanien, der Belsch, Dänemark, Däitschland, Frankräich, Griichenland, Italien, Lëtzebuerg, Malta, Holland, Éisträich, Portugal, Rumänien, Schweden, der Slowakei, Spuenien, der Tschechescher Republik, Ungarn, dem Vereenegte Kinnekräich an Zypern), wat een historesche Moment an der europäescher Demokratie duerstellt an eng Kraaft, déi verbënnt, bedeit, déi bannent der éiergäizeger Visioun vu Volt fir eng wierklech gesamteuropäesch Politik steet.

Dëst ass ee bedeitende Moment fir Volt, deen eist kollektiivt Bestriewen erëmspigelt, fir eis progressiv a gesamteuropäesch Iddien an der nächster Legislaturperiod vum Europäesche Parlament ze fërderen.

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament wëll Volt a 16 verschiddenen europäesche Länner untrieden a bis zu 10 Sëtz gewannen.

Och Volt Lëtzebuerg trëtt mat deem gemeinsame Programm bei den Europawalen un. Eis sechs Kandidat*inne sinn d'Aurélie Dap, de Philippe Schannes, d'Lara Marwaha, d'Conny Jaroni, den Daniel Silva an de Samuel Moïse. Op dëser Säit gëss du méi gewuer iwwert eis Participatioun bei den Europawalen an du kanns eis Kandidat*innen an eise Programm méi am Detail kucken!

The 6 Volt Luxembourg candidates, from left to right: Conny Jaroni, Daniel Silva, Aurélie Dap, Philippe Schannes, Lara Marwaha, Samuel Moïse