Lara Marwaha

Links Lara

“Wa mir Nohaltegkeet an all Aspekt vun eisem Liewe materanhuelen, kënne mer an Harmonie mat der Äerd liewen.”

Volt Rainbow

Über Lara

🇪🇺 🇱🇺 🇮🇳

Lara holding a white dog
  • 1982 gebuer

  • Validatiouns-Ingenieurin an der Fuerschung an Entwécklung

  • Schwätzt Englesch, Hindi, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.

  • D'Lara ass an Hyderabd, Indien, gebuer. Hatt ass bannent Indien hin an hir an ass dunn op Mumbai komm, wou hatt d'High School an e Studium als Chimiesingenieur ofgeschloss huet. Duerno ass et op Jülich, Däitschland, geplënnert, fir säin europäesche Master an der Nuclearapplicatioun zue maachen. Duerno ass et fir e vun der wallounescher Regierung finanzéierte F&E-Projet an d'Belsch komm. Schliisslech kënnt et 2013 op Lëtzebuerg fir en eenzegaartegt Neutronengeneratorgerät ze schaffen an hatt war fir d'Software, d'Tester an d'Sécherheet vum Produit verantwortlech. Haut schafft et an der Weltraum/Satellitten-Industrie.

  • A senger Fräizäit spillt d'Lara gäre Gesellschaftsspiller a Videospiller (haaptsächlech Shooteren an MMORPG). Hatt huet verschidde Sportaarte wéi Badminton, Tennis, Dëschtennis, Kickboxen a Schwamme gären. An natierlech geet hatt och gäre mat senge Frënn a Frëndinnen danzen, am léifsten op elektronesch Musek.

Du wëlls eis kenne léieren?

Du kanns eis kenne léieren, andeems de eis kontaktéiers an zu engem vun eisen Evenementer kënns. Eis Meet'n Greets si perfekt, fir sech perséinlech an engem gemittleche Kader ze begéinen. Komm spontan laanscht oder mell dech virdrun un - sou wéi et der passt.

Eis kommend Veranstaltungen