Conny Jaroni

“Mir mussen zesummen a resolut géint Rietspopulismus stoen, fir demokratesch Wäerter, Reesfräiheet, kulturell Diversitéit, Wuelstand a Fridden ze erhalen.”

Volt Rainbow

Iwwert d'Conny

🇪🇺 🇱🇺 🇩🇪

Conny Jaroni smiling
  • 1985 gebuer

  • Gerante vun enger Maison Relais

  • Schwätzt Däitsch, Englesch, Lëtzebuergesch a Franséisch.

  • D'Conny ass a Süddäitschland gebuer an och do opgewuess. Hatt huet no dem Abitur e fräiwëllegt soziaalt Joer a Kannerheemer am Behënnerteberäich geleescht an huet a Wunngruppe fir Kanner a Jugendlecher, wéi och als Integratiounskraaft a Spillschoule geschafft. Säi Master huet hatt an de Bildungs- an Erzéiungswëssenschaften op der Uni Bremen ofgeschloss. Do op der Uni huet et och säin haitege Partner a spéidere Papp vu senger Duechter kennegeléiert. D'Conny lieft zanter 2013 zu Diddeleng an huet säit 2020 nieft der däitscher och déi lëtzebuergesch Nationalitéit.

  • A senger Fräizäit geet d'Conny gären an der Natur spadséieren, wandert, fiert Vëlo a wann et schneit, da klëmmt hatt op säi Snowboard.

Neiegkeeten iwwer Conny Jaroni

Du wëlls eis kenne léieren?

Du kanns eis kenne léieren, andeems de eis kontaktéiers an zu engem vun eisen Evenementer kënns. Eis Meet'n Greets si perfekt, fir sech perséinlech an engem gemittleche Kader ze begéinen. Komm spontan laanscht oder mell dech virdrun un - sou wéi et der passt.

Eis kommend Veranstaltungen