Volt ënnerzeechent Walkampfofkommes

Volt ënnerzeechent Walkampfofkommes

23. Jan. 2023 18:00:00 UTC
Haut huet Volt zesumme mat 8 anere Parteie sech fir d’Superwaljoer 2023 op ee gemeinsaamt Ofkommes zum Walkampf gëeenegt an dëst ënnerschriwwen.
people signing a document

Haut huet Volt zesumme mat 8 anere Parteie sech fir d’Superwaljoer 2023 op ee gemeinsaamt Ofkommes zum Walkampf gëeenegt an dëst ënnerschriwwen. Dëst Walkampfofkommes gouf vun der LSAP an d’Liewe geruff fir e faire Walkampf och ausserhalb vun der gesetzlecher Flicht ze reegelen a Modalitéiten opzestellen, zu deene sech déi 9 Parteie verflichten. Ënnerschriwwen hunn d’CSV, d’DP, d’LSAP, déi Gréng, d’ADR, d’Piraten, déi Lénk, Fokus a Volt.

An deem Walkampfofkommes gouf ënner anerem Follgendes gereegelt:

  • Déi offiziell Walcampagne fir d’Gemengewalen fänkt de 15. Mee un an dauert 4 Wochen, di offiziell Walcampagne fir d’Chamberwale fänkt de 4. September un (Plakater ab dem 2. September) an dauert 5 Wochen.
  • Op Pub a Reklammen op Busser, Busarrêten, am Tram oder op Gare gëtt verzicht.
  • D’Zuel vu grousse Plakater (150 cm op 200 cm) gëtt fir d’Gemengewalen op 90 begrenzt, bei de Chamberwale sinn der 120 erlaabt.
  • Als Walgeschenker duerfe maximal dräi Gadgeten verdeelt ginn, woubäi een op nohaltegt Material soll zeréckgräifen. Loftballonen solle méiglechst evitéiert ginn.
  • Et duerfen insgesamt maximal 100’000 € an d’Walreklamme an de Print-Medien, op Social Media, Radio, Fernseh a Kinospots ausgi ginn.

Dat komplett Ofkommes gëtt (just op Lëtzebuergesch) an ënnerschriwwe vun alle Parteien hei ze fannen: