Volt Frankräich op Besuch bei Volt Lëtzebuerg
Volt Frankräich op Besuch bei Volt Lëtzebuerg

Wärend engem verlängerte Weekend koumen insgesamt knapps aacht Volter zesummen, well et sollt fir déi franséisch Parlamentswalen uerdentlech Reklamm gemaach ginn. Volt Frankärich huet also de Sprong iwwert eis kleng Grenz bis op Lëtzebuerg gewot. Ënnert dem Stéchwuert #purplehopping weist sech alt nees déi tatsächlech Kraaft vun enger europawäit organiséierter Partei: Et gëtt zesummegehal, sech géigesäiteg ënnerstëtzt, Leit mat deene selwechten Interêtë fannen zesummen fir ee gemeinsamt Zil. Paneuoropäesch Zukunft, sou wéi et ebe vu Volt erwaart gëtt.
Nieft engem Tour duerch den Zentrum vun der Stad, engem klengen Ausfluch op de Kierchberg an engem Humpen am Gronn hu mir, während mer mat Voltfändelen an de franséische Fändel gewedelt hunn, d'Leit op der Strooss einfach mol ugeschwat fir iwwert hier Suergen a Bedürfnisser ze schwätzen.
Et war insgesammt wierklech eng flott Renconter a mir freeën eis op weider europäesch Zesummenaarbecht!