Statement zur Invasioun vun der Ukrain
Statement zur Invasioun vun der Ukrain

Mir sinn zudéifst beonrouegt iwwert d’Entscheedung vum Präsident Putin, der Ukrain de Krich z’erklären, a mir sti solidaresch un der Säit vum ukrainesche Vollek.
D’Europäesch Unioun muss séier an entscheeden op dës Verletzunge vum Völkerrecht an de Minsker Accorden reagéieren. Onkoordinéiert Reaktiounen wärend ee sech gläichzäiteg ënnert de Memberstaaten net eens ass, dat alles schued net nëmmen dem europäesche Projet, mä och de Resultater, déi mir erreeche wëllen.
D’Europäesch Unioun an zemools d’Memberstaate musse beweisen, datt d’Bierger aus der Ukrain an d’Souveränitéit vun der Ukrain méi wäert sinn ewéi finanziell an kommerziell Interêten. Dowéinst widderhuele mir eis Fuerderungen a fuerderen d’EU an hier Verbündeter dréngend op, déi russesch Regierung mat massiven a geziilte Sanctiounen ze treffen:
- Verhänke vu Sanctiounen géint russesch Banken, Entreprisen, dem Militär a Persounen, déi dem Kreml nostinn, deenen hier Familljen a Geschäftspartner;
- Ënnerbanne vun allen Transactiounen mam russesche Staat, Kreml-nohe Persounen an Entreprisen;
- Afréiere vum gesamte Verméige vu staatlechen Institutiounen oder Institutiounen a Privatpersounen, déi dem Kreml nostinn.
Och wa mir ëmmer nach op e séiert Enn vun dësem Konflikt an op eng diplomatesch Léisung hoffen, sou schéngt dat am Ament zimmlech onwarscheinlech. Déi europäesch Länner musse sech dorop virbereeden, ukrainesch Flüchtlinge an Ofstëmmung mat der Europäescher Agentur fir Asyl opzehuelen an ze versuergen.
Wann et jeemools un der Zäit war fir d’Europäesch Unioun Stäerkt an Eenegkeet ze weisen, sou ass et lo esou dringend ewéi nach ni! Mir duerfen d’Ukrain an dat ukrainescht Vollek net sech selwer iwwerloossen.
Nieft der Drénglechkeet vun der Situatioun denke mir och, datt et noutwenneg ass, resolut ze handelen, fir den Ukrain-Konflikt laangfristeg an de Grëff ze kréien. Dowéinst schloe mir déi follgend Moossname vir:
- D’Erschafe vun enger eenheetlecher europäescher Verteidegungsarméi mat engem europäeschen Zentralkommando. Mir ënnerstëtzen d’Beméiungen, d’Ofschreckeungs- a Verteidegungsfähegkeeten vun Europa elo an an Zukunft ze verbesseren. Mir plädéieren dowéinst fir d’Schafe vun eneger eenheetlecher europäescher Verteidegungsarméi, fir de Wee fir en autonoomt Europa fräi ze maachen.
- D’Desinformatioun cibléieren. D’Stäerkung vun der Widerstandsfäegkeet vun der EU an de Capacitéiten fir Ofwiermoossnamen géint hybrid Krichsféierung, zemools géint Desinformatioun. D’Garantéiere vum Mediepluralismus, d’Weiderentwécklung vun der Informatiounspolitik op allen Niveauen vum Droit an d’Verbesserung vun der Zesummenaarbecht tëscht der EU, hiere Memberstaaten, de Medien an Internet-Intermediairen bei der Bekämpfung vun der Verbreedung vun Desinformatioun.
- D’Ariichte vun enger supranationaler EU-Cyber-Divisioun, fir eng séier Cyber-Ofwier ze garantéieren: Dat aktuellt EU-Cyber-Rapid-Response-Team funktionéiert net esou effikass, wéi et dat am Fall vun enger immanenter Bedrohung misst. Volt plädéiert fir eng nei supranational EU-Cyber-Abteilung, déi am Fall vun enger onmëttelbarer Bedrohung proaktiv hacke soll. D’Bündele vun den digitale Fäegkeeten duerch en zentraalt EU-Kommando kann d’Widerstandsfäegkeet vun Europa géint Cyberattacken an eng onmëttelbar militäresch Bedrohung erhéijen. Dëst wäert d’Ënnerstëtzung vun eise Verbündete stäerken a gläichzäiteg Gewalt vermeiden.
- D’Iwwerpréiwen an d’Verbessere vun de Rakéiten-Ofwiersystemer: D’Sécherheet vun Europa sollt op effikass Verteidegungscapacitéiten berouen, déi méiglecherweis och den ukrainesche Loftraum abegräife kéinten, wann déi ukrainesch Regierung dat da gären hätt.
- D’Ariichte vun enger maritimer Missioun zwecks Iwwerwaachung: Eng europäesch maritim Missioun kann dozou bäidroen, déi oppen Handelsweeër iwwert dat Schwaarzt Mier ze sécheren, déi fir den ukrainesche PIB extrem wichteg sinn.
- Dréngend Moossnamen ergräifen, fir d’Ofhängegkeet vun Europa vun de russeschen Energieimporter ze reduzéieren. Méi Solidaritéit mat der Ukraine – awer och mat den osteuropäeschen EU-Memberen – duerch verstäerkt Verbindungen an der Energieinfrastruktur. D’EU misst éiergäizeg Schrëtter a Richtung vun engem schnellen Ausbau vun emissiounsfräien Energiequellen an der EU goen. Den Ausbau vun europäesche Späichercapacitéiten a vun der Diversifizéierung vun den Energiequellen kéint d’Onofhängegkeet vum russesche Gas bréngen a generell russesch Mëttel reduzéieren. D’EU-Institutiounen an all Länner sollten d’Notze vum Nord-Stream II ofleenen a verhënneren.