Mir hu Volt Tréier mat hieren Affiche gehollef
Mir hu Volt Tréier mat hieren Affiche gehollef
Volt ass eng paneuropäesch Partei. Dat gouff bei dëser Aktioun ganz kloer gewisen: Wéi eis Volt Tréier ugeschriwwen an eis gefrot huet, ob mir hinnen hierem Team net e wéineg Ënnerstëtzung kéinten ubidden, misste mir net laang nodenken. Gären hu mer eisen däitsche Frënn vun där anerer Säit vun der Musel gehollef, fir Plakater fir d'Landtagswahlen a Rheinland-Pfalz opzehänken.
Eis véier Volter vu Lëtzebuerg, den Daniel Silva, den Alain Bintener, de Lukas Sørensen an de Philippe Schannes, hunn deene sechs Tréierer ënnert d'Äerm gegraff a sinn duerch déi schéi Stad gefuer fir ganz couragéis Poster a loftegen Héichten opzehänken.
Insgesamt eine tolle Veranstaltung. Wir hatten viel Spaß und wünschen Volt Deutschland weiterhin viel Erfolg!
Insgesamt e flott Evenement! Mir hate vill Spaass a wënsche Volt Däitschland weiderhi vill Succès!