Programm

Eisen nationale Programm fir déi kommend Chamberwalen zu Lëtzebuerg 2023.

Eis 6 Prioritéiten

Nieft eiser Gesamtvisioun vu Volt schaffen mir am Moment un eisem nationale Programm fir déi Lëtzebuerger Parlamentswalen (Chamberwalen) 2023, dee sech op sechs ausgewielte Prioritéite konzentréiert:

house

Wunnéngswiesen

Zu Lëtzebuerg wunnen ass alles anescht ewéi einfach. Mat soziale Mesure wëlle mir abordabele Wunnraum zu Lëtzebuerg fir all Awunner garantéieren.

cloud

Klima

Mir befannen eis matten am Klimawandel. Lëtzebuerg an d’EU mussen dringend méi a méi streng Moosnamen ergräifen, fir em entgéint ze wierken.

tram

Mobilitéit/Traffic

De Verkéiersproblem ass jidderengem, deen zu Lëtzebuerg schafft, bekannt. Mir brauche modern an efficace Léisungen, fir deem Ganze meeschter ze ginn – mam Tram aleng ass et net gedoen.

citizens

Bierger

Alleguerten d’Bierger aus dem Land musse gestäerkt an ënnerstëtzt ginn. An engem Sozialstaat duerf kee lénks leie gelooss ginn.

book

Educatioun

D’Educatioun ass eis Zukunft a muss an engem zukunftsorientéierte Staat di alleréischt Prioritéit sinn – vum Primaire bis zur Héichschoul an der Beruffsausbildung.

working

Aarbecht

Wien Aarbecht sicht, soll der och fannen a wie schafft, soll dat och zu korrekte Bedingunge maache kënnen. Mir fuerderen dowéinst och eng Stäerkung vun de Gewerkschaften.