Pride Month: D’Fuerderunge vu Volt fir LBTQIA+ Rechter
Pride Month: D’Fuerderunge vu Volt fir LBTQIA+ Rechter
Et ass Juni a Pride Month! Volt wäert allzäit fir Oppenheet an Toleranz antrieden. Hei eis Fuerderungen fir méi LBTQIA+ Rechter!

Et ass Juni a Pride Month! Volt setzt sech fir d’Stäerkung vun alle Bierger*innen an a wäert allzäit fir Oppenheet an Toleranz antrieden. Eis Grondwäerter sti fir just an equitabel Rechter, déi keen opgrond vu senger sexueller Orientéierung oder sengem Geschlecht diskriminéieren. Et ass elo dréngendst un der Zäit ze handelen a mir mussen op wichteg Ännerunge vun Gesetzer drängen, déi d’LBTQIA+ Gemeinschaft onnéideg diskriminéieren. Mir setzen eis fir Verännerungen zu Lëtzebuerg an a ganz Europa an!
- Wa Leit, déi Kanner op d’Welt setzen, als „Mamme“ bezeechent ginn oder wa vum „Pappecongé“ rieds ass, obwuel den net accouchéierenden Elterendeel net männlech muss sinn, da gi marginaliséiert Bevölkerungsgruppe systematesch onsichtbar gemaach.
Mir fuerderen dowéinst eng neutral Formuléierung am Gesetz: Gebärend/Accouchéierend Persoun (fr.: „personne accouchante“, eng.: „birthing person“). - Schwul Männer duerfen kee Blutt spenden, dat muss dringend geännert ginn!
Mir fuerderen, datt sexuell Orientéierung, Geschlecht an Gender bei Bluttransfusioune keng Roll méi duerf spillen! - D’Konversiounstherapie gëtt zwar net praktizéiert, se ass awer zu Lëtzebuerg och net formal verbueden. D’EU huet 2018 decidéiert, esou sech fir esou Verbueter anzesetzen a Lëtzebuerg muss endlech nozéien! Esou ee Gesetz wier ganz einfach an onkomplizéiert ëmzesetzen.
Mir fuerderen dowéinst e Verbuet vun der Konversionstherapie zu Lëtzebuerg an a der ganzer EU! - Offiziell Dokumenter schaffen ëmmer nach mat enger dichotomer Vue vum Geschlecht. Dëst diskriminéiert alleguerten déi, déi sech net als männlech oder weiblech identifizéieren an och intersex Mënschen.
Mir fuerderen, datt d’Angab „net-binär“ op amtlechen Dokumenter méiglech gëtt. - Leider ginn ëmmer nach vill intersex Kanner nach virun hirem zweete Liewensjoer onnéideg un hire Genitalien operéiert, obwuel et keng medezinesch Noutwennegkeet dofir gëtt. Dësen extremen Agrëff an d’Liewen vun engem nach esou jonke Mënsch ka schwéier Follgen fir de Rescht vu sengem Liewen hunn.
Dowéinst fuerdere mir e Verbuet vu medezinesch net noutwennegen Operatiounen un de Genitalie vun intersex Puppelcher. - Et muss eng gesetzlech Grondlag geschaf ginn, datt lesbesch Mammen hir eege Kanner net adoptéiere mussen. Virun allem dann, wann z.B. duerch eng In-vitro-Befruchtung dat genetescht Material vu béide Mammen zesummegefouert gëtt.
Mir fuerderen dowéinst, datt den Elteren-Status geännert gëtt an datt et scho virun der Gebuert méiglech gëtt festzeleeën, wien als Elterendeel bestëmmt gëtt.