Meet'n Greet uechter d'Lëtzebuerger Land

Meet'n Greet uechter d'Lëtzebuerger Land

18. Mäe. 2022 07:56:07 UTC
Mir organiséieren eng Meet'n Greet Tour uechtert Lëtzebuerg. Stëmmt op de soziale Medien fir äre Lieblingsbistro!
people partying in Luxembourg

Sidd dir drun interesséiert, Volt kennen ze léieren an dat Ganzt bei engem gudden Humpen?

Da verpaast net eis Meet & Greet-Tour duerch Lëtzebuerg, déi am Norden, am Süden, am Osten an am Zentrum vum Land stattfënnt!

Mir erzielen iech gären, wat mir alles sou maachen a mir sinn och dorunner interesséiert, är Meenung zu wichtege politischen Themen ze héieren. Wéini genau dat lo leeft?

Déi genee Plazen, wou mer eis wäerten treffen, gi mer an deenen nächsten Deeg a Wochen bekannt. Wann dir iech awer ee bëstemmte Bistro an engem bëstemmten Duerf wënscht, da kënnt der op eisen Social-Media-Kanäl (hei just ënnen drënner) ofstëmmen a mir ginn an dee Bistro oder Café mat deene meeschte Stëmmen.

Sot eis Bescheed an da gesi mer eis do!