Eis Lëschte fir d'Chamberwalen

Hei sinn eis Kandidaten fir d'Walen 2023. Vergiesst net, och eise Walprogramm ze liesen, dee mir gemeinsam vertrieden.

Voting district South
Elisa Hippert

Elisa Hippert

geb. 1986

Professesch fir Däitsch & Geschicht

Fir mech bedeit Europa...
... Fridden a Secherheet. Meng Generation huet sech dru gewinnt, datt Fridden an Europa selbstverständlech ass. Mee déi lescht Joeren hu gewisen, wéi wackleg de Fridden an Europa ass. Sief et intern duerch den Rietspopulismus oder extern duerch de Krich an der Ukrain.

Becci-Sue Schmitz

Becci-Sue Schmitz

geb. 1992

Léierin

Fir mech bedeit Europa...
... een Zesummenschloss vu verschiddenen ënnerscheedleche Länner zu engem grousse Ganzen. Déi europäesch Länner mussen onbedéngt dësen Zesummenschloss als Zesummenhalt erkennen, dee si stäerken kann. Nëmmen zesumme si mir staark fir all Erausfuerderung.

Oswa Moreira

Oswa Moreira

geb. 1982

Bitzfra

Fir mech bedeit Europa...
... d'Verwierklechung vun enger gemeinsamer Visioun, wou d'Vielfalt an d'Zesummenaarbecht iwwer Grenzen ewech d'Basis fir eng staark an inklusiv Communautéit bilden.

Eolia Verstichel

Eolia Verstichel-Boulanger

geb. 1994

Therapeutin

Fir mech bedeit Europa...
... géigesäiteg Hëllef, Austausch, Oppenheet fir aner Kulturen an Ënnerstëtzung bei all natiouneniwwergräifendem Problem.

Conny Jaroni

Conny Jaroni

geb. 1985

Educatrice graduée

Fir mech bedeit Europa...
... Zesummenhalt a sech gemeinsam staark ze maache fir d‘Erausfuerdungen, mat deene mir an déi zukünfteg Generatioune konfrontéiert ginn, ze meeschteren. Eis Kanner sollen an engem Europa opwuessen, dat et fäerdeg bréngt, zesumme Léisungen ze fanne fir eng human Flüchtlings- respektiv raisonnabel Aarbechtsmigratiounspolitik ëmzesetzen, d‘Verkéiersproblematik an de Grëff ze kréien a Bedrounge wéi Krich, Pandemien oder der Klimakris entgéint ze wierken.

Estelle Klümper

Estelle Klümper

geb. 1984

Pädagogin

Fir mech bedeit Europa...
... Interkulturalitéit, d'Fräiheet vum Liewen, der Meeenungsäusserung a Gläichheet. Europa ass eng Chance, an der Diversitéit zesummenzeliewen.

Julie Schannes

Julie Schannes

geb. 1996

Éducatrice diplomée

Fir mech bedeit Europa...
... e modernt Liewen. D'Mënschen an Europa sinn engersäits stolz op hier Nationaliteit, Traditioun an Originnen a schaffe gläichzäiteg zesummen un enger besserer, gemeinsamer Welt fir déi nächst Generatioun.

Cheryl Chaussy

Cheryl Chaussy

geb. 1993

Educatrice diplomée

Fir mech bedeit Europa...
... géigensäiteg Ennerstëtzung, Zesummenhalt an déi eenzeg Méiglechkeet op eng friddlech Zukunft.

Sabrina Roob

Sabrina Roob

geb. 1986

Léierin

Fir mech bedeit Europa...
... Zesummenhalt. Nëmme wa mir all zesummenhalen kënne mir déi nach bevirstoend politesch, sozial a klimatologesch Erausfuerderungen ugoen.

Julia de Graaf

Julia de Graaf

geb. 1984

Employée bei der Europäescher Investitiounsbank (EIB)

Fir mech bedeit Europa...
... Diversitéit, Toleranz a Wuelstand, eng Zukunft fir meng Kanner a meng Famill!

Serge-Arno Klümper

Serge-Arno Klümper

geb. 1954

Ekonomist

Fir mech bedeit Europa...
... déi Platz, déi ech meng Heemecht nennen, een eenzegaartege Projet an der Geschicht, bei deem d'Natiounen decidéieren, Grenze falen ze loossen an en neit Mateneen ze schafen. Deen eenzege Wee fir eis, als Zivilisatioun an der globaliséierter Welt z'iwwerliewen.

Daniel Silva

Daniel Silva

geb. 1983

Formateur an der Informatik

Fir mech bedeit Europa...
... an der Diversitéit verbonnen ze sinn. Als Lëtzebuerger mat portugiseschen Originnen, dee mat enger Estin bestuet ass, vertrieden ech d'Iddi, datt gemeinsam Wäerter eist Liewe beräicheren, andeems se d'Wiese vun eisen interkulturelle Connectioune erëmspigelen. Déi ekonomesch a perséinlech Méiglechkeeten, déi Europa bitt, verbonne mat de gemeinsame Wäerter, déi et vertrëtt, beräicheren eist Liewen dagdeeglech.

George Penn

George Penn

geb. 1995

Generalsekretär fir Volt Europa

Fir mech bedeit Europa...
... einfach alles. Meng Partnerin, meng bescht Frënn, meng Carrière, meng Aussiichten, meng Hoffnung a meng Walheemecht Lëtzebuerg, däer ech sou dankbar sinn, datt ech sou häerzlech opgeholl gouf, verdanken ech Europa. Europa ass eng gemeinsam Zukunft, déi eis gemeinsam Vergaangenheet vu Gewalt unerkennt a seet: „Ni méi! Gemeinsam kënne mer et besser maachen!“

MIchel Conter

Michel Conter

geb. 1989

Gérant

Fir mech bedeit Europa...
... eng friddlech Zesummenaarbecht tëscht den Natiounen mat ville verschiddene Kulturen, fir eng gutt, integrativ an nohalteg Zukunft fir jiddferee vun eis a fir déi kommend Generatioun ze schaafen. Nëmmen zesumme kënne mir enger ongewëssener Zukunft entgéintkucken an eis virun deene Grousse schützen. Ee vereenegt Europa ass e séchert a staarkt Europa.

Andrea Salis

Andrea Salis

geb. 1994

Employé de l'État, Infirmier Dispatcher

Fir mech bedeit Europa...
... Fräiheet, Sécherheet a Wuelstand an enger ëmmer méi komplizéiert wierkender Welt. D'EU ass eng vun deene gréissten Erfollegsgeschichten an eiser jéngster Geschicht; wien sech fir ee stäerkt Europa asetzt, setz sech soumat och fir ee staarkt Lëtzebuerg an. Eis Zil muss sinn, Europa ze stäerken, ze reforméiere an zu engem Europa vun de Bierger ëmzebauen an dës Transformatioun muss schonn um nationalen Niveau ufänken.

Samuel Moïse

Samuel Moïse

geb. 1999

Student vun der Ekonomie (Management) a vum Droit

Fir mech bedeit Europa...
... Zesummenhalt. Menger Meenung no kann nëmmen e staarkt a gëeenegt Europa eis Ëmweltproblemer an d'Erausfuerderunge vun der Migratioun léisen, andeems et d'Mënscherechter garantéiert. Zesumme kënnen déi europäesch Länner duerch eng gemeinsam Politik an eng enk Zesummenaarbecht wichteg Fortschrëtter maachen, fir eise Planéit ze schützen, d'Mënscherechter ze verteedegen an hier Roll op der internationaler Bün ze stäerken.

Danny Stirn

Danny Stirn

geb. 1991

Art Director (Graphic Design)

Fir mech bedeit Europa...
... kulturell Vielfalt. D'Oppenheet vun Europa dréit dozou bäi, datt een sech mat de verschiddenen Identitéiten auserneesetze, national Normen relativéieren an esou seng eege Stëmm fannen kann.

Jo Siebenaler

Jo Siebenaler

geb. 1994

Employé

Fir mech bedeit Europa...
... eng lieweg Vielfalt vu kulturellen Identitéiten an eng enk Zesummenaarbecht tëscht de Länner, fir gemeinsam Erausfuerderungen ze meeschteren an de Fridden, dee mer eis haart erkämpft hunn, z'erhalen.

Loris Di Bari

Loris Di Bari

geb. 1998

Student vun der Ekonomie (international economic relations and international management of innovation)

Fir mech bedeit Europa...
... Zesummenhalt, Fridden an Zesummeschaffen vir d‘Allgemengwuel.

Sacha Fuchs

Sacha Fuchs

geb. 1990

Employé de l'Etat

Fir mech bedeit Europa...
... Diversitéit an alle Beräicher. Europa ass duerch eng helle Wull Kricher geprägt duerch déi d’Vollék méi staark ervirgaangen as. Mir liewen an éngem gëllenen Zäitalter wou reliéis a kulturell Differenzen gefeiert ginn an déi d’Europäer méi no beienee bréngen an net méi vunenee wechdrécken. Op d'mannst ass daat d’Visioun a mir wäerten alles doru setzen, datt dës Visioun d’Réalitéit gëtt a bleift.

Leo Fario

Leo Fario

geb. 1990

Gestionnaire de projet de l'Etat

Fir mech bedeit Europa...
... Gemeinschaft. Mënschen, déi zesummen schaffen an zesummen fir hirt Wuelbefanne an Zukunft astinn, maachen den europäesche Geescht aus.

Christophe Schannes

Christophe Schannes

geb. 1994

Student vun der mathematescher Biometrie

Fir mech bedeit Europa...
... e Vierbild fir international Kooperation. Wärend d'Technologie ëmmer weider avancéiert an eis ëmmer méi einfach a séier matenee verbënnt, ass d'Zesummenaarbescht mat anere Länner emsou méi wichteg. Méi Europa heescht besser Zesummenaarbescht fier komplex, global Problemer ze léisen.

luca vito di bari

Luca Di Bari

geb. 1995

Student vun der Mobiliteit an Infrastruktur

Fir mech bedeit Europa...
... e Flambeau un Hoffnung, Wäerter wéi Humanitéit, Respekt a Wuelstand duerch d'Enheet vun deene verschiddenste Kulturen. Ze gesinn, wéi dës riseg Gemeinschaft trotz Erausfuerderungen et zesumme packt an de Successmodell vun der Demokratie representeiert, bréngt mir Freed. Ech fille mech zoudéifst verflicht, mech dofir anzesetzen, fir dës aussergewéinlech Iddi vu kollektiver Stäerkt an Zesummenaarbecht ze schützen.

Constituency East
Fiona Godfrey

Fiona Godfrey

geb. 1965

Onofhängeg Beroderin fir EU-Gesondheets- a Migratiounspolitik

Fir mech bedeit Europa,...
... datt ech mäin däitsche Mann op der Uni am Vereenegte Kinnekräich kennegeléiert hunn, mat him op Lëtzebuerg geplënnert sinn, eis Famill mat duebler Nationalitéit groussgezunn hunn a mir eng Carrière an der EU opgebaut hun, vun däer ech ni gewot hätt, ze dreemen. Et wore Leit, déi d'EU opgebaut hunn, a se muss fir alleguerten d'Awunner*inne fonktionnéieren, net nëmme fir déi puer wéineg Glécklech.

Philippe Schannes

Philippe Schannes

geb. 1989

Professer fir Philosophie

Fir mech bedeit Europa...
... Fräiheet vun all Zort. D'europäesch Kultur ass vu Fräiheet geprägt a wann d'Mënschen an Europa wéinst sozialer Problemer, enger drohender Klimakatastrof oder mangelnd Toleranz beemol net méi fräi sinn, musse mer dringend eppes änneren. Méi Europa heecht fir mech méi Fräiheet fir ze liewen!

Daniel Philippe

Daniel Philippe

geb. 1983

Jurist

Fir mech bedeit Europa...
... alleguerten d'Europäer méi no beieneen ze bréngen. Fréier sinn d'Europäer op New York ausgewandert, wann se zesumme liewen a schaffe wollten. Haut treffe mer eis zesummen zu Lëtzebuerg. Merci, Europa!