Kaffi politique mat der Representatioun vun der Europäescher Kommissioun
Kaffi politique mat der Representatioun vun der Europäescher Kommissioun

Volt huet beim „Kaffi politique“ matgemaach, dee vun der Representatioun vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg organiséiert gouf.
No dem Europadag um 9. Mee a virum Enn vun der Parlaments-Sessioun 2021-2022, am Kontext vun engem geopolitesch onrouegem a wirtschaftlech schwéiere Joer, an deem et fir d’Europäesch Unioun a fir Lëtzebuerg villes um Spill steet, wollt d’Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg mat de politesche Parteien, déi bei de Parlamentswalen 2023 kandidéiere kéinten, a Form vun engem Kaffi zesummekommen, bei deem alleguerten d’Representanten vun de Parteien dozou encouragéiert goufen, sech zu hirer Haltung géigeniwwer der Europäescher Unioun an hiren Institutiounen souwéi zu all anerem aktuellem Thema vun hirem Choix am Zesummenhang mat europäesche Froen ze äusseren.
An dësem Zesummenhang waren déi follgend Vertrieder agelueden:
- M. Marc Ruppert, fir Fokus
- M. Joe Thein, fir Déi Konservativ - d'Fräiheetspartei
- M. Jeff Cigrand, fir d’Partei
- M. Ali Ruckert, fir KPL
- M. Christian Isekin, fir Partei fir Integral Demokratie
- M. Alain Bintener, fir Volt
Am Endeffekt war et en trauregt Ergebnis fir Europa a Lëtzebuerg, well nieft Volt ass just „déi Konservativ“ do gewiercht, all di aner Parteien sinn net opgedaucht. Insgesamt war d’Diskussioun awer immens flott a mir konnten eis zu de Kompetenzen a Problemer vun der EU äusseren. Et gouf iwwert de Klimawandel, d’Energie-Transitioun, eis Relatioune mat Russland, déi gréng Taxonomie, LBTQIA+-Rechter, de Brexit a méi geschwat.
Mir bedanken eis ganz häerzlech bei der Repräsentatioun vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg (ënner anerem d’Anne Calteux an den Diego Fallah) fir d’Invitatioun a mir freeën eis op nach weider ureegend Gespréicher.