Statement zur Jugendkriminalitéit

Statement zur Jugendkriminalitéit

13. Juni 2023 05:15:53 UTC
No Diskussiounen an de Medien iwwer Moossnamen zur Jugendkriminalitéit an der Reaktioun zu engem neie Gewaltvideo fuerdert Volt méi Preventioun.
Child hiding his face behind his hands and outstretched fingers pointing at him.

Nodeems alt nees e Video vu Mobbing a Gewalt ënner Lycéesschüler d’Ronnen duerch d’Medie gemaach huet, goufen et ëmmer méi Diskussiounen doriwwer, datt een eppes géint déi Jugendkriminalitéit misst ënnerhuelen. Volt muss erëm mat Schrecke feststellen, wéi vill lokal Parteien an awer och Stëmmen aus der Gesellschaft zu vireileg Conclusioune kommen a virun allem repressiv Moossname fuerderen. Mir gesinn dat kritesch a fuerderen eng aner Approche.

Ursaachefuerschung

Dat Wichtegst an eisen Aen ass d’Ursaachefuerschung. Vu wou kënnt déi Problematik an ass se wierklech därmoossen akut, wéi et schéngt?

Fir d’éischt muss ee mol festhalen, datt Lëtzebuerg bis ewell opgrond vun enger Reform, déi säit 30 Joren usteet, als eenzegt Land an der EU nach keng Trennung tëscht Jugendschutz an Droit pénal vu Mineure mécht. Et géint, am Géigesaz zu eisen direkten Noperen, keng kriminologesch an empiresch Studien doriwwer, wéi gutt den Droit pénal vun de Mineure fonktionnéiert. D’Statistike vun der Justiz drécken wärenddeems net dat selwecht aus, well se keng Ursaachefuerschung bedreiwen.

Duerno muss een oppassen, net der Verfügbarkeits-Heuristik (availability bias) ze verfalen, well haut gëtt méi wéi nach an der Zäit iwwer sou Fäll bericht – dëst beaflosst och eis Wahrnehmung.

Wat déi konkret Fakten ugeet, sou ass an deene leschte Joren d’Jugendkriminalitéit tatsächlech éischter konstant bliwwen, allerdéngs mengt d’Police, et géif een haut méi grav Fäll feststellen. Dat erschreckt natierlech op eng gewëssen Art. Wourunner läit et also, datt Jugendlecher hautzudaags méi aggressiv wierken, wéi et schéngt méi séier zu kierperlecher Gewalt neigen an och de Mobbing ëmmer méi präsent ginn ass?

Volt mengt net, datt een dorops eng einfach Äntwert ka ginn. D’Grënn sinn aus eiser Siicht vilfälteg:

  1. Den allgemenge soziale Status vun eisem Land geet ëmmer méi erof, et ginn net genuch sozial Mesuren, d’Wunnengsproblematik an de Chômage ginn ëmmer méi grouss. D’Kanner sinn déi éischt, déi dëst vun den Elteren ze spiere kréien an dat féiert zu Frust, Roserei an eben heiansdo Gewalt.
  2. Vill Eltere sinn net genuch iwwert déi aktuell Problemer a Risike vu Jugendlechen opgekläert (Drogen, sozial Medien, sexuell Delikter, asw.), sou datt si hier Kanner net genuch ënnerstëtze kënnen.
  3. De Schoulen, déi dacks als déi Haaptresponsabel gesi ginn, sti weder déi néideg finanziell wéi personell Moyenen zur Verfügung, fir sënnvoll anzegräifen, wa Jugendlecher opfälleg ginn.
  4. Souwuel der Justiz wéi och de pädagogesch Institutioune stinn och net genuch konkret Moyenen zur Verfügung fir Jugendlecher ze bestrofen, well se duerch d’Jugendgesetz geschützt sinn (wat prinzipiell eng gutt Saach ass!).
  5. Institutioune wéi de Centre socio-éducatif de l’Etat zu Dräibuer sinn hoffnungslos iwwerfëllt.
  6. Sozial Medien a modern Technik erméiglechen haut méi wéi soss d’Diffusioun vu Gewalt duerch d’Filmen an d’Deele vu Gewaltakten. Doduerch gëtt Mobbing ëmmer méi verbreet a mécht sou séier den Tour uechter de Jugendlechen wéi nach ni virdrun an der Geschicht vun der Mënschheet. Den Zuschauereffekt (“bystander effect”) suergt dofir, datt nach méi Leit a kuerzer Zäit zu Täter ginn, opgrond vun enger non-assistance à personne en danger.

Preventioun amplaz Repressioun – och mat ofschreckende Strofen

Volt sëtzt bei der Jugendkriminalitéit genausou wéi bei der Kriminalitéit insgesamt op Preventioun (an eisem Walprogramm, Punkt 5.2 Measures to increase security: prevention over reaction).

Mir denken, datt besonnesch fir jugendlech Kriminalitéit mat Täter, déi nach net juristesch strofbar sinn (also méi jonk ewéi 16 sinn), follgend Moossname géifen hëllefen:

  1. Eltere mussen nach méi opgekläert ginn. Speziell Formatiounen (déi thematesch em Drogen, Gewalt, Kriminalitéit etc. Betreffen a vu Psychologen a Poliziste gehal ginn) fir Elteren, déi awer duerch e speziellt Kannergeld, dat et souzesoen als Ureiz fir d’Matmaache gëtt, musse gefërdert ginn. (Walprogramm, Punkt 5.2.2)
  2. Jugendlecher musse selwer och besser opgekläert a beobacht ginn, dat mat der Hëllef vun däitlech méi sozio-psychologeschem Personal an de Schoulen. (Walprogramm, Punkt 3.2.4 More extracurricular personal at school)
  3. Et musse e gutt Stéck méi Institutiounen wéi den Centre socio-éducatif de l’Etat zu Dräibuer ageriicht ginn.
  4. Jugendlecher mussen ofschreckend kënne bestroft ginn, och mat Moossnamen, déi op den éischten Abléck drastesch schéngen. Dëst soll déi Jugendlech disziplinéieren, ma och als Warnung fir déi aner dengen. Strofe kënnen z.B. eng temporär Entloossung aus dem Schoulcours sinn (wat dann awer mat engem Openthalt an enger sozio-edukativer Institutioun verbonne muss sinn), de Renvoi aus der Schoul kann och ofschreckend wierken a schlussendlech ass och e Fräiheetsentzuch mat der Hëllef vun elektronesche Foussfesselen eng méiglech, wann och drastesch Moossnam, iwwert déi een nodenke kann.

All Strof muss awer als éischt Zil d’Ofschrecken an d’Warne vun anere Jugendlechen hunn (Preventioun), natierlech och konsequent duerchgezu ginn, an awer och selbstverständlech d’Kanner- a Jugendrechter schützen. Well Jugendlecher net mündeg sinn, schwätzt hinnen d’Gesellschaft och eng gewëss Méiglechkeet, bestrooft ze ginn, of – aus dësem Grond warnt Volt virun vireilegen, immens repressive Mesuren, déi de Kanner an hirem Alter net ubruecht sinn.