Volt geet an d'Chrëschtvakanz!

Volt geet an d'Chrëschtvakanz!

15. Dez. 2022 14:23:15 UTC
Mir wënschen alleguerten schéi Feierdeeg a pauséieren eis regulär Aktivitéiten bis den 11.01. Mir bereeden och eis AG fir den 04.02 vir.
Greeting card wishing happy holidays

D'Chrëschtdagsfeierdeeg kommen ëmmer méi no an d'Joer geet op säin Enn duer. Mir freeën eis drop, datt jiddereen am Krees vun senge Léifsten eng schéi Vakanz verbrénge kann a wënschen an deem Sënn schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer.

Volt Lëtzebuerg hëlt sech och eng Auszäit vun de regulären Aktivitéiten an domat ass och eise wëchentlechen Team-Call pauséiert, bis datt mer den 11. Januar erëm lassleeën.

Mir bereeden awer gläichzäiteg eis Assemblée Générale vir, déi de 4. Februar en présentiel wäert stattfannen. Deen Ament wäerte mir och en neie Comité wielen an eise Walprogramm fir d'Chamberwalen 2023 zu Lëtzebuerg virstellen. Bleif gespaant! Mir freeën eis op iech.