Positioun vu Volt zur Grénger Taxonomie
Positioun vu Volt zur Grénger Taxonomie

D’EU huet elo decidéiert, Atomkraaft a Gas als „gréng“ an d’Taxonomieslëscht mat opzehuelen. Wourëms geet et do genee? D’Taxonomie soll de Bierger an Investisseuren kloer Informatiounen doriwwer ginn, wéi eng Finanzproduiten dem Klimaschutz déngen. D’EU wëll bis 2050 klimaneutral ginn. No Schätzungen vun der EU-Kommissioun sinn dofir ronn 350 Milliarden Euro un Investissiounen pro Joer néideg – eng enorm Zomm, déi mathëllef vun der Taxonomie mobiliséiert soll ginn. All ëmwelt- a klimafrëndlech Secteuren an der Ekonomie sollen doranner virkommen, fir dat Investisseuren a Bierger méi liicht Suen an déi richteg Projeten stieche kënnen. Grouss Entreprisen, Banken a Fonden soll uginn, wéi grouss hiren Undeel vun Aktivitéiten ass, deen der Taxonomie entsprécht. Och d’Investisseuren sollen an Zukunft gesinn, ob hier Aktivitéiten mat Gas oder Atomkraft als „gréng“ kënne gëllen.
Obwuel Lëtzebuerg bis ewell géint dës Entscheedung gestëmmt huet an och mat enger Klo virum Europäesche Geriichtshaff dreet, huet Volt bei dëser ëmstriddener Entscheedung eng differenzéiert a liicht aner Positioun.
D’Klimakris an d’europäesch Responsabilitéit
Wann een deene meeschte Prognose follegt, sou wäert déi vum Mënsch verursaacht global Erwiermung déi Ekosystemer, vun deenen eis Gesellschaft ofhängeg ass, un de Rand vum Zesummebroch bréngen. Mir befannen eis also an enger Kris. Als ee vun deene gréisste Verursaacher vun Zäregas-Emissiounen, als eng vun deene féierende Ekonomien an als Zentrum fir Wëssenschaft an Innovatioun huet d’EU déi global Responsabilitéit fir ze handelen. Eng séier Dekarboniséierung ass zum engen einfach emol eng Noutwendegkeet, fir déi schlëmmste Suiten vum Mënsche verursaachte Klimawandel an Europa ze vermeiden; et ass awer och e moraleschen Imperativ, well de Klimawandel weltwäit déi am häertsten wäert treffen, déi déi mannste Mëttel hunn, fir sech dorops virzebereeden. Obwuel d'Politik et Joerzéngte laang verschlof huet, géint de Klimawandel ze handelen a wichteg Decisiounen ze huelen, menge mir, datt d’EU déi wirtschaftlech, politesch an technologesch Ressourcen huet, fir dës éiergäizeg Campagne zur Dekarboniséierung mat Succès duerchzezéien.
D’Noutwendegkeet vun enger Taxinomie
D’Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren ass dee wichtegste Schrëtt fir d’Klimakris anzedämmen. Deementspriechend Beméiungen mussen duerch ëmfangräich a koordinéiert Investissementer an Technologien ënnerstëtzt ginn, déi fir d’Dekarboniséierung wichteg sinn. EU-wäit Reegelen fir sou Investissementer sinn dofir e Must-Have. Mir ënnerstëtzen dowéinst d’Iddi vun enger Taxonomie, déi Investissementer no hirem Notzen fir d’Verréngerung vum CO2-Foussofdrock vun der EU klassifizéiert.
Investissementer an d’Atomenergie si fir d’Dekarboniséierung noutwenneg
Mir mengen, datt Investissementer an d’Atomenergie zu Recht Deel vu sou enger Taxonomie fir d’Dekarboniséierung sollte sinn. Net nëmmen, datt d’Atomenergie zurzäit eng wesentlech kuelestoffaarm Energiequell am europäesche Energiemix ass; nach méi wichteg ass, dass d’IPCC-Berichter weisen, datt déi meescht Weeër, déi d’Zil zur Begrenzung vun der globaler Erwiermung op 1,5°C iwwerhaapt erreeche kënnen, op Atomenergie berouen. Mir sinn dowéinst der Meenung, datt d’Atomenergie an Europa um Wee bei d’Dekarboniséierung néideg ass. Deemno wäert d’Atomenergie och an deene kommende Joerzéngten e wesentleche Bestanddeel vum europäesche Energiemix sinn. Soubal mir d’Atomenergie als Deel vun engem zukünftegen europäeschen Energiemix akzeptéieren, gëtt et noutwenneg, Investissementer an d’Infrastruktur vun der Atomenergie ze vereinfachen, fir datt alles méi effizient, méi sécher a méi innovativ ka ginn.
Konzeptuell Problemer an der Grénger Taxonomie, sou wéi se vun der EU-Kommissioun virgeschloe gouf
Während mir der Meenung sinn, datt eng Dekarboniséierungs-Taxonomie, déi Investissementer fir d’Ofschwäche vun der Klimakris virgesäit, absolut noutwenneg ass, si mir awer och der Meenung, datt d’Abezéie vu Gas an Atomenergie an déi „Gréng Taxonomie“, wéi se vun der europäescher Kommissioun entwéckelt gouf, net sënnvoll ass. Amplaz sech op dat ze konzentréieren, wat fir déi europäesch Dekarboniséierung am wichtegste wier, féiert se zu enger konzeptionell inkohärenter Definitioun vun „nohaltegen Aktivitéiten“, no där Investissementer souwuel an d’Atomenergie wéi och a fossilt Gas mat abegraff wären. Doriwwer eraus gëtt et eng sëlleg aner Onkloerheeten, déi duerch d’Abezéien entstoen, wéi d’EU Platform on Sustainable Finance an hirem Bericht weist, dee si de 24. Januar verëffentlecht hunn.
Mir mussen zwar agestoen, datt et nun emol esou ass, datt Gas a bestëmmten europäesche Länner op hirem Wee zur Dekarboniséierung als Iwwergansstroumquell néideg ass, mir sinn awer der Meenung, datt d’Ophuelen an d’Taxonomie eng politesch Dier opmécht, déi et als Zil huet, déi kuelestoffintensiv Gasinfrastruktur méi laang ewéi néideg ze erhalen. Doriwwer eraus si mir grondsätzlech net domat averstan, Investissementer a Gas als „nohalteg Aktivitéiten“ ze bezeechnen. Mir mengen dofir, datt d’Taxonomie net zu engem klore Verständnis bäidréit, fir ze verstoen, wat noutwenneg ass, fir déi Katastroph ze vermeiden, déi eis erwaart, wa mir net séier op Null Nettoemissioune kommen.
Anerersäits si mir der Meenung, datt Investissementer an d’Atomenergie voll a ganz als „nohalteg Aktivitéiten“ an als „gréng“ agestuft kënne ginn, well se dozou bäidroen, déi negativ Auswierkungen vun der Ofhängegkeet vun der Atomenergie bei der Dekarboniséierung ze bekämpfen. Mir wëssen awer och, datt et a ganz Europa ëmstridden ass, Investissementer an d’Atomenergie ouni Differenzéierung als „nohalteg Aktivitéiten“ ze bezeechnen. Andeems déi Gréng Taxonomie d’Atomenergie op dës Weis beim Numm nennt, gëtt d’Diskussioun onnéidegerweis an eng Richtung gedriwwen, wou et just nach em ideologesch opgelueden Nomenklature geet. Amplaz sollte mir einfach doriwwer diskutéieren, wat mir brauchen, fir séier genuch ze dekarboniséieren. D’Ophuele vun der Atomenergie an déi Gréng Taxonomie déngt also net dem Zil, d’Europäer hannert enger éiergäizeger Politik fir d’Andämme vun der Klimakris ze vereenegen. Dëst ass nämlech immens wichteg: D’Andämmung vun der Klimakris ass eng kollektiv Ustrengung, déi eng breet gesellschaftlech Ënnerstëtzung brauch. Eng transparent an accessibel Kommunikatioun ass absolut noutwenneg, fir d’Ënnerstëtzung vun der Ëffentlechkeet fir eng Politik zur Ofschwächung vun der Klimakris ze gewannen (déi fir vill Bierger dacks net einfach wäert sinn). Fir vill Europäer ass et bäi wäitem net einfach d’Atomenergie als Deel vun engem zukünftegen europäeschen Energiemix z’akzeptéieren; dat si mer no eisen Diskussiounen mat europäesche Bierger an de soziale Medien an op eisen interne Plattformen an deene leschte Woche gewuer ginn. D’EU ass et hire Bierger*inne schëlleg, fir Kloerheet an argumentativ Transparenz ze suergen – d’Ophuele vu Gas an Atomenergie an déi Gréng Taxonomie gëtt dësem Usproch awer net gerecht.
Conclusioun
Mir halen et dowéinst fir richteg, géint d’Opnam vun Atomenergie a Gas an déi Gréng Taxonomie ze stëmmen, sou wéi dat vun der EU-Kommissioun virgeschloe gëtt. Dat heecht net, datt mir eis géint d’Atomenergie ausschwätzen. Grad am Géigendeel; allgemeng sollt ee fir Investissementer an d’Atomenergie plädéieren. Et sollt eben just net iwwert dëse Wee geschéien.
An dëser Hisiicht ass d’Aféierung vun engem Label speziell fir Atomenergie déi richteg Léisung. Dësen zousätzleche Label wier fir kuelestoffaarm Technologien geduecht, déi fir d’Dekarboniséierung néideg wieren, ouni ze verlaangen, datt se all d’Krittäre fir „nohalteg Aktivitéiten“ erfëllen; nämlech de Krittär „Kee signifikante Schued uriichten“, an domat kéinten se als „orange“ gëllen. Dëst géif Spillraum fir Investissementer an d’Atomenergie am Numm vun der Dekarboniséierung vum europäesche Energiemix schafen. Mir sinn der Meenung, datt déi „orange“ Kategorie am Joer 2045 zugonschte vu vollstänneg nohaltegen Optiounen ofgeschaaft soll ginn. Mir mengen awer och, datt d’Atomenergie d’Potenzial huet, duerch Fuerschung an Innovatioun zu enger vollstänneg nohalteger Energiequell ze ginn. Mir wëllen zemools sécherstellen, datt eng entspriechend Fuerschung gutt finanzéiert gëtt, och wann een un déi global Responsabilitéit vun der EU denkt, déi zu enger sécherer an effektiver weltwäiter Dekarboniséierung bäidroe muss, bei där d’Atomenergie deene meeschte Prognosen no eng zentral Roll wäert spillen.