AG22: Volt Europa bestëmmt d’politesch Prioritéiten fir d’Europawal 2024
AG22: Volt Europa bestëmmt d’politesch Prioritéiten fir d’Europawal 2024

> D’Demokratiséierung vun der EU an d’Energiestransitioun sti ganz uewen op der Lëscht vun de politsche Prioritéiten vun der Generalversammlung 2022 zu Prag
> De Prager Gipfel gouf vun der gréisster pro-europäescher Demonstratioun an der Geschicht vu ganz Tschechie begleet.
Prage, den 12. Oktober 2022 — Volt, déi paneuropäesch Partei, huet hier politesch Prioritéite fir d’Europwahl 2024 festgeluecht. D’Demokratiséierung an d’Beschleunegung vun enger Transitioun zu nohaltegen Energiesourcen sti ganz uewen op der Lëscht bei der Ofstëmmung op der Assemblée Générale 2022 zu Prag.
Wärend dem Weekend hunn d’Volter fir de Klimaschutz, eng gemeinsam europäesch Verteidegung a fir d’Fërdere vun der Chancegläicheet als politesch Beräicher mat der héchster Prioritéit gestëmmt. Déi vun der Assemblée Générale decidéierten iewescht Prioritéiten wäerten d’Basis fir de politesche Programm bilden, dee Volt Europa an deenen nächste Méint wäert ausschaffen. Iwwert dëse Programm wäert um nächste Gipfel um Enn vum nächste Joer ofgestëmmt ginn.
Dëst Prager Gipfeltreffe war bis ewell dat gréissten Treffe vu Volt, mat ongeféier 750 Participanten, vun Irland bis Zypern a vu Portugal bis Finnland, sou wéi anere Leit, déi der Assemblée an den Ofstëmmungen aus der Distanz bäi gewunnt hunn. Och Volt Lëtzebuerg war mat siwe Leit vertrueden.
Volt ass säit senger Grënnung viru fënnef Joer op 20’000 Membere a méi wéi 100 gewielte Vertrieder an 29 europäesche Länner gewuess. D’Partei setzt sech fir den Opbau vun enger fëderaler europäescher Republik mat enger gewielten Exekutiv sou ewéi dem Ofschafe vun den nationale Vetoen an, fir dat gemeinsaamt Decidéieren ze vereinfachen. Volt strieft un, no de Walen 2024 eng eege Fraktioun am Europäesche Parlament ze bilden.
„D’Reform vun der EU an den Iwwergang zu nohaltegen Energiesourcen sinn déi Verännerungen, déi Europa an dësem entscheedenden Zäitpunkt vun der Geschicht am dréngendsten brauch“, seet de Reinier van Laschot, Co-Präsident vu Volt Europa. „An deem s mer dës politesch Prioritéite fir 2024 decidéiert hunn, hu mir deen éiergäizegsten, transnationale Programm fir d’Gestaltung vun der Politik gestart, deen et jeemools gouf“, huet d’Francesca Romana D'Antuono, Co-Präsidentin vum van Laschoot, ergänzt.
Am spéiden Nomëtteg vum 8. Oktober ass Volt zesumme mat Pulse of Europe an enger Demonstratioun marschéiert. Dës Manifestatioun ass duerch d’Stroosse vun der Alstad vu Prag gaangen a war déi bis ewell gréisste pro-europäesch Demonstratioun, déi d’Land jeemools gesinn huet.
Ein Héichpunkt vun der Assemblée Générale war natierlech d’Ried vum Volt-Member a Parlamentarier am Europäesche Parlament, dem Damian Boeselager. Engersäits huet en iwwert sengen Erfarungen vu sengem Besuch an der Ukrain bericht, anerersäits huet en eis dorops opmierksam gemaach, datt et bei Volt ëm d’Actioun an d’Ëmsetze geet – mir duerfen eist Zil vun engem gëeegenten a gestäerkten Europa net aus den Ae verléieren. Dës encouragéierent Ried war immens ureegent a mir soen dem Damian Merci dofir!

