Volt bereet sech fir déi kommend Chamberwale vir
Volt bereet sech fir déi kommend Chamberwale vir

Bei der Assemblée Générale 2023 vu Volt Lëtzebuerg gouf et e puer Saachen ze beschwätzen. Nieft deene lëtzebuergesche Membere vu Volt waren och Vertrieder vu Volt Frankräich, Volt Holland a Volt Europa mat dobäi, fir hier Ënnerstëtzung ze weisen.
Nieft dem méi bürokrateschen Deel vun der Versammlung gouf et zwee wichteg Punkten.
Zum enge gouf en neie Comité gewielt a Volt Lëtzebuerg ass frou, mat zwee neie Co-Präsidenten erëm eng gewëss Paritéit a säi Comité ze kréien. Dëse gesäit elo follgendermoossen aus:
Zum anere gouf am Kader vun der AG awer och den neie Walprogramm fir déi kommend Chamberwalen 2023 zu Lëtzebuerg virgestallt. D’Policy Team huet senge Memberen éischt Abléck an déi final Fuerderungen a politesch Ideeë bu Volt fir d’Wale ginn. De Programm wäert deemnächst och ëffentlech an dräi Sprooche publizéiert ginn an stellt d’Häerzstéck vun eiser Walcampagne duer.
Zum Schluss huet en Deel vun de Memberen et sech huelen gelooss, den Dag bei engem gemittlechen an am Endeffekt och immens europäesch-internationalem Mëttegiessen auskléngen ze loossen.
Volt freet sech op eng spannend Zäit an aktiv Debaten zum Thema Europa a virun allem vill Spaass bei der politescher Zesummenaarbecht.
Eng nei Politik. En neit Europa!