Marche féministe 2023: Volt war nees dobäi
Marche féministe 2023: Volt war nees dobäi

Den Internationalen Fraendag ass all Joers den 8. Mäerz an et ass wichteg, datt sech all Mënsch dofir asëtzt, datt jiddereen, egal ob Fra, Mann, Trans, Inter, Fluid oder Neutral, egal wéi een Gender, Sexualitéit, Hautfaarf oder Origine, déi selwecht Rechter als Mensch verdéngt.
Fir Lëtzebuerg sinn an der lescht e puer positiv Statistiken erauskomm. Sou bericht de Statec dovunner, datt den Gender Pay Gap, bezunn op de Stonneloun an der Moyenne bei de Fraen am Verglach zu de Männer, zu Lëtzebuerg 2021 souguer liicht en Faveur vun de Frae war (0,2 %), eng Première an Europa.[1] Ausserdeem huet Eurostat gewisen, datt den Ënnerscheed tëscht dem Prozentsaz vu Männer, déi selbstänneg schaffen an de Fraen, déi selbstänneg schaffen, zu Lëtzebuerg mat 2,2 % deen zweetniddregsten Taux an Europa ass.[2]
Mä et duerf een awer lo net mengen, datt dowéinst alles erreecht ass. D’Inégalitéite gi virun. Sou ginn et ganz vill Jobs, wou Fraen komplett ënnerrepräsentéiert sinn, och bei der Politik ass et nach ëmmer sou, datt et een enorme Männer-Iwwerschoss gëtt. Och mir bei Volt si vun deem Problem betraff a freeën eis op all Fra (awer natierlech och all Mann!) déi*deen eis hëlleft, d’Gläichgewiicht vun der Representatioun hierzestellen.
Volt wäert weiderhin beméit sinn, sech fir d’Rechter vun all Mënsch anzesetzen a kuckt zefridden op eng gelonge Marche féministe zeréck.


[1] https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2023/stn13-gpg.html
[2] https://ec.europa.eu/eurostat/en/web/products-eurostat-news/w/edn-20230307-1