Volt war beim Fraestreik 2022 mat dobäi!
Volt war beim Fraestreik 2022 mat dobäi!
Volt war bei der Demonstratioun fir den Internationalen Fraendag an der Stad mat dobäi.

Den 8. Mäerz war et erëm sou wäit an um Internationalen Fraendag sinn engagéiert Leit, déi sech fir d’Rechter vun de Fraen asëtzen, an d’Stad marschéiert, fir ze demonstréieren. Déi ronn 1500 protestéierent Fraen a Männer, dorënner och Vertrieder vu Volt, si vun der Gare bis op d’Plëss getrëppelt. Mat Musék, haardem Tam-Tam a positiver Stëmmung goufen d’Gläichbehandelung, d’Ënnerloose vu Gewalt an d’Enn vun Diskriminéierungen revendiquéiert.
Volt engagéiert sech nach ëmmer an d’office fir d’Rechter vun de Fraen. Mir fuerderen dowéinst weiderhin:
- Steierlech Erliichterungen a finanziell Ënnerstëtzung vun Elengerzéienden
- E kompletten a gerechte Congé parental fir alleguerten, homosexuell Koppelen an Elengerzéiender inclus
- Gläich Remuneratioun vu Fraen a Männer bäi gläicher Qualifikatioun a gläicher Aarbecht (den aktuellen beréngechten Gender-Pay-Gap zu Lëtzebuerg ass bei 1 % op de Mount gesinn a bei 7 % op d’Joresakommes gekuckt)
Mir wënschen all de Fraen e schéinen 8. Mäerz!