D'Europawoch vu Volt 2021
D'Europawoch vu Volt 2021

Den néngte Mee ass Europa-Dag! Mir feieren ee vereentent Europa, d'Schumann-Erklärung ass elo schonns 71 Joer al. Fir dës Occasioun huet Volt eng spannend Woch geplangt, bei däer all Dag en anert klengt Evenement stattfënnt a mir d'ganz Bandbreet vun enger paneuropäescher Partei hautno materliewe kënnen - sou no, wéi et eben opgrond vun der aktueller Situatioun ebe méiglech ass. Iwwer kleng Kenneléiervideoen, Kach-Events an engem Quiz - e bonte Mix aus verschiedenen Events léisst eis dës Woch a Blo mat gëllene Stären stralen. 😊
Dës Evenementer fannt dir op der Facebook-Säit vu Volt Europa.
Et geet ëm folgend Evenementer:
Méindeg: Europäesch Stied - 5 Minutte Expositioun.
Volter aus ganz Europa kréien d'Méiglechkeet, hier Stad a 5 Minutten ze präsentéieren an dëst gëtt an enger europawäiter Sendung op Youtube a Facebook op den offiziellen Channels gewisen. Op dë Manéier kënne mer Kultur, Architektur a Geschicht aus all eisen Heemechtstied kenneléieren - 5 Minutte Expositioun fir déi, déi och verdéngt hunn! (P.S. De Video vu Lëtzebuerg fänkt bei 19:06 un)

Dënschdeg: „Cook with EU“: Crème catalane!
Den Iván Villarta Garcia, d'Xenia Ivanova an den Pietro Maccari wäerten ech dëse berüümte spueneschen Dessert kachen. Sidd mat dobäi a kuckt iech de Stream op Facebook oder Youtube un. Mir wäerten iwwer Traditiounen an d'Geschicht vun der Crème schwätzen.
Mir wäerten och iwwer Politik an d'Pandemie-Situatioun an all Land schwätzen an de Kach wäert och säin eegent Volt-Team virstellen: Volt Madrid, Volt Stroossbuerg a Volt Bologna.

Mëttwoch: Sproochen an Europa
Begleet eis de 5. Mee bei dësem witzege Sproochespill. Mir wäerten iwwer Sproochen an Europa, witzeg idiomatesch Phrasen, lëschteg Kläng a witzeg Wierder laachen. D'Spill besteet aus engem Kahoot-Spill, bei deems d'Participanten d'Sprooch, d'Bedeitung vun engem Wuert oder einfach just d'Land mussen erroden, an deem s dës Expressioun benotzt gëtt.
Mir warnen iech awer: Dir wäert nawell zolidd laachen!

Donneschdeg: Mofe Pub Quiz
Déi interesséiert iech fir déi vilfäteg Kultur vun Europa an dir vermësst och nawell d'Bistrosatmosphär? Mir organiséieren de 6. Mee um 19:30 Auer MESZ eise Mofe Pub Quiz a mir géiffen eis freeën, wann dir gemeinsam mat eise genialen Animateuren, dem Ekaterina Niklyaeva (Co-Events Lead Volt Frankräich) an dem Daniel Silva (Co-Präsident vu Volt Lëtzebuerg) e flotten Owend géifft verbréngen, mat Froen sou ewéi engem interaktiven Tool fir är Äntwerten.

Freideg: Paneuropäeschen Chapter Meet & Greet (méisproocheg)
Du bass ee Fräiwëllegen, e neie Member oder einfach just u Volt interesséiert, hues dech awer bis ewell nach net ugemeld? Du brauchs net weider ze sichen: Dës Veranstaltung beäntwert dir all deng Froen (oder op d'mannst déi, iwwer Volt)!
Verpass elo net d'Geleeënheet fir mat Fräiwellegen a Memberen aus ganz Europa ze schwätzen!
Wéini? 07.03.2021 um 19h MESZ
Wou? Volt Europa Discord
Samschdeg: Mir maachen Europa propper!
D'Europawoch ass eng super Occasioun, ee siichtbaren Afloss op eis Stied a ganz Europa ze huelen. Dreck ass e grousse Problem fir d'Ëmwelt a vill Leit këmmere sech net drëms a geheien hieren Dreck einfach op d'Strooss - oder nach méi schlëmm - iergendwou an e Park, etc. Mir als Volt Europa weisen, datt mir eis em d'Ëmwelt këmmere an eise Deel dozou bäidroe sollten, fir d'Stied propper ze halen!
Sonndeg: Europadag

18:00 MESZ: Treffe vun den Deputéierten - vu lokal bis europäesch
Mir hu gewielte Vertrieder vu Volt zu engem Austausch vun hieren Experiencen agelueden. Dëst kënne Vertrieder vum lokalen, regionalen, nationalen oder europäesche Niveau sinn. Confirméiert Gäscht sinn den Damian Boeselager als Member vum Europäesche Parlament, d'Eileen O'Sullivan als Deputéiert vu Frankfurt (am Main) an den Francesco Viola aus Mantova.
Nach net confirméiert si Memberen aus dem Parlament aus Holland an ee Kandidat aus Kopenhagen.
An däer vum Davide Zurlo modéierter Podiumsdiskussioun wäerten d'Gäscht déi folgend Froen diskutéieren: Wéi ass, wann een den Newcomer an enger etabléierter demokratescher Struktur ass? Wéi ënnerscheede sech d'Erfarungen um lokalen, am Verglach zum nationalen oder europäeschen Niveau?
19:00 MESZ: Quo Vadis Europa - Vu Covid bis CoFE
Mir hunn Gäscht, Politiker, Aktivisten, Politikwëssenchaftler agelueden, fir mat eis iwwert d'Zukunft vun Europa ze diskutéieren. Confirméiert Invitéen sinn den it uns über die Zukunft Europas zu diskutieren. Bestätigte Gäste sind Damian Boeselager als Member vum Europäeschen Parlament, de Roger Casale .... ...
D'Podiumsdiskussioun gëtt vum Claudio Lanza moderéiert. Mir wäerten iwwer aktuell Entwécklungen, institutionell Reformen an doriwwer schwätzen, wéi d'Bierger méi staark an d'europäesch Politik kënnen agebonne ginn.
20:00 MESZ: CoFE - wat kënnt als nächst op eis duer?
Wéi kann d'Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa eis hëllefen, e bessert Europa fir eis alleguerten ze gestalten?
D'Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa kënnt ëmmer méi no!
D'Europäesch Kommisioun, dat Europäescht Parlament an de Rot hunn déi digital Plattform lancéiert, déi als Aféierung fir d'#COFE déngt an och den EU-Bierger et erméiglecht, ze interagéieren a Proposen ze maachen.
Volt Europa wäert eng aktiv Roll op dëser Plattform anhuelen, deelhuelen a Veranstaltungen organiséieren. Ee vun dësen Evenementer wäert um Europadag, den 9. Mee stattfannen, direkt no der Podiumsdiskussioun Quo Vadis Europa - d'Podiumsdiskussioun "NGOs a Politiker" um 20 Auer MESZ. Sidd mat dobäi an deelt är Gedanken, wéi d'Zukunft ausgesäit (a verschiddenen Themen-Channels) 💜💜💜.
E grousse Merci un den Damian Boeselager an alleguerten déi Deputéiert, déi bei dëser Konferenz matmaachen!
Dat Ganzt leeft iwwer www.volteuropa.org/discord
21:00 MESZ: Dinxperience op Hollännesch an Däitsch
Bildsource: Creative Commons (CC) vum Kyle Wagaman