Europa méi staark wéi bis ewell: De Walprogramm vu Volt um Europadag

Europa méi staark wéi bis ewell: De Walprogramm vu Volt um Europadag

9. Mee 2023 16:14:22 UTC
Volt feiert den Europadag a presentéiert gläichzäiteg säi Walprogramm fir d’Chamberwalen.
people celebrating europe

Den 9. Mee ass Europadag – zu Lëtzebuerg souguer en offizielle Feierdag! Volt feiert, andeems et säi Walprogramm fir d’Chamberwale verëffentlecht.

D’Europäesch Unioun ass d’Hoffnung fir de Kontinent schlechthin an huet eng Ära vu Fridden a Wuelstand agelaut, déi hires Gläiche sicht. In deene leschte 60 Joer huet si dozou bäigedroen, d’Wonne vu Joerhonnerten alen Konflikter ze heelen, déi Europa zerstéiert haten. Obwuel si laang Zäit stolz drop war, e Verfechter vun der Demokratie ze sinn, sinn a leschter Zäit déi demokratesch Defiziter an der EU ëmmer méi offensichtlech ginn.

Zum Europadag stelle mir deem beonrouegenden demokratesche Réckschrëtt aus der jéngster Vergaangenheet eenheetlech a praktesch Propose fir eng Visioun entgéint, déi déi politesch, sozial an ekonomesch Ongläichheeten bannent hire Grenzen verschwanne léisst.

Mir wëllen eng nei Politik an en neit Europa. Haut verëffentleche mir dowéinst eis Propose fir ee gëeenegt Europa an ee Lëtzebuerg, dat nach méi europäesch a méi sozial ass, an de Klimawandel efficace bekämpft.

Mir wënschen all Mënsch ee schéinen an erhuelsame Feierdag!