EU Programm
D'Visioun vu Volt vun enger reforméierter Europäescher Unioun - eise gemeinsame Programm.
D'Amsterdam Deklaratioun
Getrei nom Motto, an der Politik innovativ ze sinn an eng kohärent Strategie iwwer national Grenzen ewech ze bidden, ass Volt fir d’Europawal a ganz Europa mat engem gemeinsame Walprogramm opgetrueden: Mat der Amsterdam Deklaratioun.
Dëst visionärt a realistescht Dokument gouf mat der Participatioun vun Honnerte vu Fräiwëllege geschriwwen, vun Experten gepréift an op eiser Assemblée Génerale zu Asterdam am Oktober 2018 demokratesch decidéiert. Et ass eise Bauplang fir Europa an d’Verflichtungen, déi mir fir eis Aarbecht am Europäesche Parlament aginn. Mat dëse Verflichtungen wäerte mir nei Energie an d’Politik bréngen an dat Europa gestalten, dat mir alleguerte brauchen.
Iwwer déi an der Amsterdam Deklaratioun festgehale Verflichtungen eraus huet Volt eng detailléiert Versioun entwéckelt, an däer fir all Verflichtung och déi noutwenneg Moosnamen fir d’Ëmsetze vun eisen Iddien erkläert ginn. (op Englesch)