Statement zu de Protester an der Stad

Statement zu de Protester an der Stad

8. Dez. 2021 21:16:56 UTC
Volt huet eng kloer Meenung zu den Ausschreitunge vum 4. Dezember um Chrëschtmaart an der Stad.
protester in Luxembourg city

Mir kennen alleguerten d'Spréchwuert: „D'Kierch bleift am Duerf.“ Dëse Saz gehéiert zu Lëtzebuerg scho bal zu enger gudder Erzéiung wéi iessen an drénken. Mee leider hu sou munch Involvéierter vun der Demonstratioun dëse Samschden hier gutt Kannerstuff vergiess gehat. An dat ass net akzeptabel.

Wärend Volt sech ëmmer fir eng staark Biergerbedeelegung, fir Demokratie a Meenungsfräiheet asetze wäert, sou wäerte mir eis och ëmmer géint Gewalt, Randaler a muttwëlleg Zerstéierung stellen.

An enger Gesellschaft zesummen ze liewe bedeit d'Reegelen ze befollegen, op déi sech d'Gesellschaft gëeenegt huet. Wien dat net mécht, den schléisst sech selwer aus.

D'Demonstratioun war net offiziell ugemellt an doduerch war et net méiglech mat den Organisateuren dëst besser ze plangen. Kommunikatioun ass déi wichtegste Komponent vun all Gesellschaft op der Welt, an ëmsou méi an engem demokratesche Staat. Wien also op onugekënnegten Demonstratioune mattrëppelt a randaléiert, stellt sech géint d'Gesellschaft a géint d'Demokratie. An dat kënne mir net hinhuelen.

Dowéinst ass eis direkt Fuerderung un all Mënsch, den eppes politesch verännere wëll: Gëff aktiv, net duerch d'Stierme vu Chrëschtmäert, mee an NGO'en oder Parteien! Wëll et ass do, wou d'Zukunft vun eiser Gesellschaft geformt gëtt.

#etgeetdeckduer