Volt ass géint de Projet de loi vun der Vorratsdatespäicherung

Volt ass géint de Projet de loi vun der Vorratsdatespäicherung

1. Feb. 2023 21:50:19 UTC
D’Lëtzebuerger Regierung plangt e Gesetz, dat déi generell Vorratsdatespäicherung rëm erméiglecht. Volt schwätzt sech dogéint aus.
cyber security

Un deem Gesetz, dat d’Justizministesch a Spëtzekandidatin vun deene Gréngen, d’Sam Tanson, elo als Entworf virgeluecht huet[1], hu Beamte jorelaang geschafft. Nodeems den Eurpäesche Geriichtshaff (EuGH) 2014 festgehal hat, datt Vorratsdatespäicherung ouni Motiv (Connectiouns- a Standortdaten) ongülteg ass[2], gouff een sech zu Lëtzebuerg ni eens, wéi een effektiv Date späichere kéint fir suwuel géint d’Kriminalitéit virzegoen, wéi och net géint d’Entscheedung vum Geriichtshaff ze verstoussen. Et koum een einfach net op e gemeinsamen Nenner. Reporter.lu huet anschaulech doriwwer bericht, a weist, wéi eng Problematiken deemools ewéi haut um Spill stoungen.[3]

Mä elo huet d’Sam Tanson, ouni gréisser Ëmweeër, ouni Präzisiounen an ouni op déi al Debaten anzegoen, dann awer eng nei Gesetzespropose eragereecht. Laut deem neie Gesetz dierften elo op Plazen, bei deene grouss Mënschemassen z’erwaarde sinn, erëm Date gesammelt ginn. Fräi nom Motto: Wien huet wien a wéi engem Ablack kontaktéiert? (De Contenu gëtt weiderhin net gespäichert, just d’IP-Adressen an de Standuert) Mä wat genau ënner “grousse Mënschemassen” ze verstoen ass, bleift ongewëss. Et goung rieds vun der Stater Gare, mä an dëser Regioun befanne sech och déi gréisste Lëtzebuerger Zeitungen, déi domadder och mat enger permanenter Iwwerwaachung rechne mussen.

A wat gëllt elo als néidege Grond, Leit z’iwwerwaachen? Och hei keng Äntwert. Nom aktuelle Projet de loi wier et méiglech, ëffentlech Wifi-Spoten an och Demonstratiounen genee z’iwwerwaachen. Aktivisten, ma och Journaliste kënnen duerch dës Masseniwwerwaachung ofgeschreckt ginn. Dëst stellt laut Volt awer ee massiven Agrëff an d’Fräiheetsrechter vun de Mënschen duer an ass net akzeptabel. D’Leit ginn hei ënner Generalverdacht gestallt an déi ursprénglech Begrënnung vum Sam Tanson, mat der Vorratsdatespäicherung geziilt Terrorismus, Biller vu sexuelle Mëssbrauch u Kanner oder d’organiséiert Kriminalitéit ze viséieren, verschwënnt am Fong direkt, well jidder Verdacht op eng Strofdot, op där eng Héchststrof vu mind. 1 Joer Prisong steet, een néidege Grond fir eng Iwwerwaachung duerstellt (dat wieren z.B. ënner anerem och d’Vergëfte vun Déieren oder d’Beleidege vun engem Deputéierten).

Volt Europa huet a senger Visioun vum “Smart State” ganz kloer déi digital Rechter virun Aen a mir wëllen de Schutz vun der Privatsphär an vum Dateschutz, opbauend op der Allgemenger Dateschutzverordnung (GDPR)[4], erweideren an net verklengeren! Verschlësselung ass den entscheedende Faktor fir den Online-Dateschutz ze sécheren. Volt wäert sech dofir asetzen, d’Verschlëssele vun der Online-Kommunikatioun ze fërderen. Mir sinn eis bewosst, datt eng efficace Protektioun virun terroristeschen a kriminelle Bedrohungen immens wichteg ass, mä d’Bierger*innen duerfen nimools eng Masseniwwerwaachung als Norm akzeptéieren, onofhängeg dovunner, ob dat vu staatlechen oder netstaatlechen Acteuren duerchgeféiert gëttührt wird.[5]

Dowéinst leenen mir dëse Projet de loi vehement of, mir schwätze eis géint d’Vorratsdatespäicherung aus a kënnen nëmmen dem Benjamin Franklin Recht ginn, deen an engem Bréif déi ganz bekannte Wierder gesot huet: „Deejéinegen, dee seng grondleeënd Fräiheet géif opginn, fir ë bëssen temporär Sécherheet ze kréien, verdéngt weder Fräiheet nach Sécherheet.“[6] Net nëmmen, datt déi Leit et net verdéngen, si wäerten leschten Ends och d’Fräiheet an d’Sécherheet afferen, wa mer esou eng Masseniwwerwaachung zouloossen.

[1] Communiqué de presse a Projet de loi: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2023/01-janvier/25-tanson-loi-retention-donnees-caractere-personnel.html

[2] Geriichtshafff vun der Europäescher Unioun. Pressemitteilung Nr. 54/14: https://curia.europa.eu/jcms/upload/docs/application/pdf/2014-04/cp140054de.pdf

[3] https://www.reporter.lu/luxemburg-kommentar-vorratsdaten-groesstmoegliche-ueberwachung/

[4] EU-Datenschutzvorschriften op der Säit vun der Europäescher Kommissioun: https://commission.europa.eu/law/law-topic/data-protection/eu-data-protection-rules_de

[5] Volt’s Mapping of Policies, Edition 8.3, Challenge 1 - Smart State. https://assets.volteuropa.org/2022-12/MoP%209.0%20Challenge%201%20Smart%20State.pdf (S. 42)

[6] Originaalt, englescht Zitat: „Those who would give up essential liberty to purchase a little temporary safety, deserve neither liberty nor safety“