Statement zur Verfassungsännerung

Statement zur Verfassungsännerung

22. Okt. 2021 17:49:46 UTC
Volt Lëtzebuerg huet eng kloer Haltung zu den aktuelle Bestriewungen, d'Verfassung ze änneren
Slideshow

D’Lëtzebuerger Constitutioun soll elo endlech geännert ginn. Et ass ee Projet, de schonn zanter 2005 am Parlament am Lafen ass (deemols nach ënnert der Juncker-Asselborn-Regierung). An hieren Usäz huet d’Chamber et entre-temps och gepackt, wichteg Ännerungen an hier Virschléi fir Amendementer mat eranzebréngen, an awer hapert et nach bei e puer wichtege Plazen, déi notamment Net-Lëtzebuerger vergësst. D’Lëtzebuerger Verfassung géif domadder weiderhin d’Realitéit vum Land net erëmginn a wär ëmmer nach staark nationalistesch gepräägt. Doriwwer eraus gëtt d’Méiglechkeet, deen zweete Chambers-Vote duerch e Referendum z’ersetzen, vun deene meeschte Parteien ignoréiert an net fir gutt befonnt. Eise Statement dozou: Et mussen dréngend nach wichteg Amendementer an d’Verfassung a well déi am Moment vum Parlament esou net virgesi sinn, schwätzt sech Volt Lëtzebuerg fir e Referendum aus, bei deem géint déi aktuell wichteg awer feelend Ännerunge gestëmmt soll ginn, déi awer déi gesamt Bevölkerung vu Lëtzebuerg eppes géifen ugoen.

Wichteg Ännerungen, déi feelen

Volt Lëtzebuerg a Volt Europa sti fir ee fëderalt Europa, een Europa, dat nach méi enk zesummewiisst, an domadder och fir d’Gläichberechtegung vun all den Europäer. Dëst gëtt aktuell net berücksichtegt. Konkret geet et ëm déi follgend Artikel an der Constitutioun:

Art. 10bis

« Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi. »

  • Dës Formuléierung ass scho fir sech eleng problematesch. Well se subsuméiert d’Iddi, datt all Net-Lëtzebuerger en anert Recht zoustoe géif. Wann nëmmen d’Lëtzebuerger virum Gesetz gläich sinn, dann sinn et déi aner offensichtlech net? Dës Formuléierung kéint vun enger nidderträchteger Regierung oder vu rassistesche Riichter ausgenotzt ginn.
  • Dowéinst fuerdere mir eng Ännerung entspriechend dem Beispill vun der franséischer Constitutioun, an däer et ganz einfach just heecht: „Tous les citoyens sont égaux“.

Art. 52

«  Pour être électeur, il faut:
1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise; […]
Pour être éligible, il faut:
1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise;[…] »

  • Haut huet bal d’Halschent vun der Bevëlkerung net d’Lëtzebuerger Nationalitéit: 47,4 % vun der Bevölkerung sinn Auslänner, haaptsächlech aus aneren europäesche Memberstaaten (83,6 % vun den Auslänner sinn EU-Bierger). (Statec, 2020) D’Resultat: E groussen Deel vun der Bevëlkerung ass am aktuelle politesche System net vertrueden. Obwuel vill Auslänner gutt integréiert sinn a säit Joerzéngten am Land wunnen, hu si keng Méiglechkeet, hier Präferenzen an hiere Wëlle bei Walen ze äusseren. Si bezuele Steieren, kënnen awer net beaflossen, wat mat hier Steieren passéiert. Ausserdeem ass et zudéifst ondemokratesch, datt nëmmen d’Halschent vun der Bevëlkerung d’Méiglechkeet huet, duerch Participatioun un de Parlamentswalen en Afloss op politesch Entscheedungen ze huelen.
  • Well déi grouss Majoritéit vun den Auslänner aus aneren EU-Staate kënnt, fuerde mir, datt déi am Art. 52 genannten éischt Konditioune fir dat aktivt an dat passivt Walrecht verworf an duerch Follgendes ersat ginn: „Être citoyen d'un État membre de l'Union européenne“ (EU-Staatsbierger sinn) an och als weider Konditioun festgehal gëtt: „Avoir vécu au Luxembourg pendant au moins un cycle électoral, sans interruption.“ (säit op d’mannst enger Walperiod, dat si 5 Joer, ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gewunnt hunn)

Referendum

Volt steet fir d’Stäerke vun de Bierger. Mir sinn der Meenung, datt all Bierger soll dozou incitéiert ginn, d’Politik och iwwert d’Walen eraus mat ze beaflossen. Eng Ännerung vun der Verfassung geet all Bierger eppes un. Ofgesi vun der Problematik, datt effektiv bal d’Halschent vun de Bierger bei engem Referendum net mat ofstëmmen dierft (awer ironescherweis eng Petitioun dozou erareechen an och ënnerschreiwen dierf), sëtze mir eis generell fir Referendumen an.

Mä virun allem ass e Referendum fir d’Bestätegung vun eiser Verfassung wichteg, well d’Verfassung dat grondleeëndst Gesetz vun en alleguerten ass. D’Constitutioun selwer erméiglecht de Bierger dëst Recht am Art. 114, an deem kloergestallt gëtt, datt nom dem éischte Vote an der Chamber ee fir den zweete Vote, dee fir déi tatsächlech Ännerung vun der Constitutioun néideg ass, e Referendum notze kann (deen entweder duerch e Véierels vun der Chamber oder vu 25’000 Wieler aberuff gëtt). (Soss misst d’Chamber nees mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit fir d’Ännerunge stëmmen.)

Mir stinn och fir den „État de droit” a mussen agestoen, datt d’Verfassung, déi eiser Meenung no den Auslänner definitiv méi Rechter agestoe misst, awer nëmme vu Lëtzebuerger gestëmmt ka ginn. Mir fuerderen trotzdeem e Referendum, fir datt d’Constitutioun déi vun eis gefuerderten Ännerunge mat ophëlt.