Positioun zur Plagiatsaffär vum Här Bettel
Positioun zur Plagiatsaffär vum Här Bettel

Photo © European Union 2015 - European Parliament
Eise Statement
Vertrauen ass eng, wann net esou guer d’Quintessenz vun der Politik. Wann eng politesch Féierungsperséinlechkeet wéi de Xavier Bettel géint déi moralesch Normen a Wäerter verstéisst, da schued dat net nëmmen him a senger Persoun, mä virun allem schued et och der Reputatioun vun all Mënsch, deen an der Politik engagéiert ass.
Déi direkt Konsequenzen sinn e verluerent Vertrauen an d’politesch Acteuren an e Mësstrauen géigeniwwer hiren Handlungen. Besonnesch dëse Fall widdersprécht deene Wäerter, déi fir Volt essentiel sinn, an zwar d’Transparenz an d’Responsabilitéit, a spillt domadder an d’Hänn vun de Populisten.
Mir wëllen awer och nach eng Kéier ënnersträichen, datt d’Educatioun an d’Fuerschung fir eis Kärberäicher vun all Regierungspolitik fir eng nohalteg Gesellschaft sinn. Dowéinst verurteele mir och jiddwer Form vun onwëssenschaftlecher Fuerschung an hale wëssenschaftleche Bedruch net fir ee Kavaléiersdelikt.
Doriwwer eraus sëtze mir eis awer och dofir an, datt all Bierger*innen déi selwecht Erfollegschancen kréien, a mir distanzéieren eis virun Diskussiounen, déi implizéieren, datt Politik just eng Bühn fir Akademiker sollt sinn. Nëmme wa mir Communautéite verbannen a bestäerken, schaffe mer et eis géint Nationalismus a Populismus ze stellen an ee vereenegt a fëderalt Europa ze fërderen.
Volt vertraut dorops, datt déi zoustänneg Instanzen hirer Aufgab wäerte gerecht ginn an datt, wann hier Ergebnisser virleien, oder spéitstens bei den nächste Walen, den Här Bettel déi politesch Konsequenzen vu sengem Handelen wäert zéien.