Assemblée Générale 2022 an en neie Comité
Assemblée Générale 2022 an en neie Comité

Den 21.05.2022 hat Volt Lëtzebuerg op en Neits seng Assemblée Générale. Et gouff haaptsächlech iwwert Strategien fir d'Walkampagn 2023 zu Lëtzebuerg geschwat. Et gouff awer och en neie Comité gewielt, well eent vun eise Grënnungsmemberen a bis dohinner aktiv Keesjee, d'Julie Pelcé, de Sprong zu Volt Europa gewot huet. Hatt ass elo do Member vum Gremium fir Konfliktléisung (CRB - Conflict resolution body). Mir sinn houfreg, datt hatt, nieft dem George Penn, deen och e Grënnungsmember vu Volt Lëtzebuerg an aktuell de Generalsekretär vu Volt Europa ass, ëlo Member am europäeschen Team ass; mir wäerten hatt awer natierlech och am lëtzebuergesche Comité vermëssen.
Gläichzäiteg huet Volt Lëtzebuerg awer och Zouwuess am Comité kritt a mir begréissen den Daniel Silva als Generalsekretär an de Samuel Moïse als neie Keesjee.