Assemblée Générale an neie Comité

Assemblée Générale an neie Comité

28. Nov. 2021 09:00:00 UTC
Volt Lëtzebuerg hat seng AG an huet an engems en neie Comité gewielt.
Volt Luxembourg

Gëschter, de 27. November 2021, hat Volt Lëtzebuerg seng Assemblée Générale. Et ass iwwer sou munch Grondsätzleches diskutéiert ginn. Ënnert anerem goung et am aktuell Problemer an der Politik, COVID-Mesuren, eis Connectioun a Kommunikatioun mat Volt Europa an och eise Programm an eis Walkampagn fir d'Nationalwalen 2023.

Schlussendlech huet d'AG och en neie Comité gewielt. Dofir gratuléiere mir eisen dräi engagéierte Membere:

Alain Bintener

Alain Bintener

President

Philippe Schannes

Philippe Schannes

Vizepresident

Julie Pelcé

Julie Pelcé

Keessjee

Mir wënschen dem neie Comité vill Gléck a vill Spaass mat dëser neier, wichteger Tâche fir Volt zu Lëtzebuerg ze repräsentéieren!