Statement zum Energiezougrëff

Statement zum Energiezougrëff

11. Okt. 2022 13:48:49 UTC
An de lokalen Noorichten krut eng allengerzéiend Mamm vun 3 Kanner de Stroum ofgespaart, obwuel den Energieminister Claude Turmes [...]
power supply

An de lokalen Noorichten huet sech kierzlech eng allengerzéiend Mamm vun 3 Kanner un d'Lëtzebuerger Piratepartei gewant, well hier de Stroum ofgespaart gouff. Mat der Begrënnung: Si wor net an der Lag, hier lescht Rechnung mat Zäiten ze bezuelen. Obwuel si noweislech dat ganzt Joer hier Avancë bezuelt huet, hat si elo just Problemer den Decmopte ze bezuelen an dowéinst gouff si sans gêne prompt ofgespaart. (Source: RTL.lu)

Op där Plaz musse mir als Volt och zu Wuert mellen an e Statement ofginn, fir op den Eescht vun der Lag opmierksam ze maachen.

Fir d'alleréischt wëlle mer der Piratepartei fir hiert Matgefill an hiert Handele Merci soen. Si hunn net nëmmen enger Mamm an Nout gehollef, mä och weider recherchéiert an eise Spëtzepolitiker Cluade Turmes wéinst sengem Verspriechen, dat hie gebrach huet, datt sozial schwaach gestallte Leit net den Zougank zum Stroum verléieren, zur Ried gestallt.

Mir ënnerstëtzen dës Beméihungen vun der Piratepartei, eis Politiker mat hiere Wierder an hieren Doten, oder an dësem Fall hierem Näischt-Maachen, un hier Responsabilitéit z'erënneren.

Dowéinst fuerdert Volt den Här Turmes op, säi Wuert ze halen an direkt Moossnamen z'ergräifen, fir datt esou Situatiounen an Zukunft kënne verhënnert ginn.

Mir stinn dowéinst och hannert der Fuerderung, datt d'Regierung den Zougank zur Elektrizitéit garantéiere muss, well dëst als de facto Mënscherecht ze gesinn ass, insbesonnesch an dëse schwieregen Zäiten, déi mer am Moment erliewen.

Dat heecht och, datt déi aktuell Rechnungsdelaien direkt verréckelt musse ginn, bis eng nohalteg a laangfristeg Léisung fonnt an etabléiert ass. En Entlaaschtungsfonds, den all eenzelne Fall préift, kéint och eng Optioun sinn.

Onofhängeg vun der Léisung wëlle mer och op de Fait hiweisen, datt d'Regierung als Actionnaire un der Energiesentrepris bedeelegt ass, wat si matschëlleg mécht, wa se net op dës onmënschlech Praktike verzicht.

Bildquell: Herr Olsen (CC BY-NC 2.0)