Iwwert eis
Zukunft made in Europe
Volt ass eng paneuropäesch politesch Beweegung, déi sech dorops konzentréiert, d’Aart a Weis, wéi Politik gemaach gëtt, ze veränneren an eng gemeinsam Zukunft ze gestalten.
Europa steet virun enger jett Erausfuerderungen. Populismus, d’Ëmweltkris, sozial a wirtschaftlech Ongläichheet, Korruptioun, Mënscherechtsverletzungen, global Gesondheetskrisen an d’Gefor duerch global militäresch Groussmuechte bedroen d’Existenz vun Europa. Mir handele gemeinsam iwwer d’Grenzen eraus, fir dës Defien ze bewältegen.
Volt ass eng politesch Partei a Gemeinschaft, déi an iwwer 30 verschiddenen europäesche Länner existéiert. Mir hunn iwwer 60 gewielte Vertrieder an Italien, Däitschland, Holland a Bulgarien, a mir hu bei Walen zu Lëtzebuerg, a Schweden, Groussbritannien, an der Belsch, a Frankräich, Spuenien an Éisträich matgemaach (a mir bereeden eis op sou munch aner vir).
Als Volt Europa organiséiere mir Communautéiten aus ganz Europa a bréngen se zesummen fir „Best Practices“ mateneen ze deelen, gutt Léisungen fir gemeinsam Problemer ze fannen an zesummen ze handelen. Mir notzen ë basisdemokrateschen Usaz an der Politik, andeems mer Leit aus ganz Europa matenee verbannen a se befäegen ze handelen, fir sech schlussendlech géint Nationalismus a Populismus ze stellen.
Sou gi mir mat guddem Beispill vir, fir e vereent a fëderalt Europa ze fërderen: en Europa mat deene héchstméiglechen Mënscherechts-, Ëmwelt-, Sozial- an Technologies-Standarden, wou jiddwereen déi selwecht Chancen huet, erfollegräich ze sinn. Esou maache mir Politik an esou erschafe mir eng besser Zukunft.
2016 war de Brexit-Vote an de wuessende Rechtspopulismus an Europa de Grond dofir, datt zwee jonk Europäer an eng jonk Europäerin net méi einfach nëmme weider nokucke konnten. Den Italiener Andrea Venzon, d’Franséisin Colombe Cahen Salvador an den Däitschen Damian Boeselager hu mat Volt e grenziwwergräifende politesche Usaz fir Europa geschaf, fir nei pragmatesch a progressiv Äntwerten op d’Erausfuerderungen vun eiser Zäit ze fannen.
Den Numm Volt hu mer ofgeleet vun der internationaler Moossunitéit vum elektrësche Potential. Mir hunn deen Numm gewielt, well mir nei Energie an Europa wëlle bréngen a well en eist séiert an effizient Team representéiert. Doriwwer eraus ass et esou, datt mir, wa mer e sou een internationalt Wuert benotzen, dee selwechten Numm a ganz Europa kënnen halen.
Zënter der Grënnung ass Volt a ganz Europa weider gewuess a mir hu bis ewell zengdausend Memberen a ganz Eruopa a mir hunn iwwer 60 gewielte Vertrieder suwuel am Europäesche Parlament, an den nationale Parlamenter, ewéi an a lokale Stied- a Gemengeréit.
Volt Lëtzebuerg
Volt ass eng agedroe politesch Partei zu Lëtzebuerg an huet bei de Wale fir d’Europäescht Parlament 2019 matgemaach. Mir bereeden eis dorop vir, bei deene kommende Gemenge-, Chamber- an Europawalen ze kandidéieren. Eis Membere kommen aus ganz Lëtzebuerg an aus der Expat-Community. Et duerf ee gespaant bleiwen!
Eis Grondwäerter fënnt een an engem ausgeschafftenen Dokument. Mir hunn en plus e Programm fir d'Europawalen (dat fir all Volt-Kapitel a jiddwer Land dat selwecht ass) an eisen nationale Programm (un deem mir aktuell grad schaffen).
Fir eng kleng an nei Partei war eist Resultat nawell guer net iwwel. Mir hunn 2,1 % vun de Stëmmen zu Lëtzebuerg kritt. Hei eis Resultater am Detail:

Eise Comité
Generell Froen an E-Mails wegl. un: info@voltluxembourg.org.