Iwwer Volt

Volt ass eng europawäit progressiv Beweegung déi versicht een Europa ze schafe wat fir Iech funktionéiert. Mir kommen aus alle Schichte vun der Gesellschaft, a mir deelen de Glawen datt all lokal, regional a weltwäit Erausfuerderung déi mer uechter eise ganze Kontinent begéinen, eng europäesch Léisunge brauch. Wa mer déi nationalen Interessie op d'Säit leeën, da kënne mir eng wierklech inklusiv Unioun opbauen, déi all de Bierger déngt.

Volt Europa gouf vum Andrea Venzon (Italien), vum Colombe Cahen-Salvador (Frankräich) a vum Damian Boeselager (Däitschland) gegrënnt als Reaktioun op déi rechts populistesch Beweegungen, déi zum Brexit Referendum gefouert hunn. Mat Zéngdausende vu Memberen, déi iwwert eise ganze Kontinent verdeelt sinn, hu mer fënnef Haapterausfuerderungen definéiert, déi mer eis an all Memberstaat unhuele mussen, plus eng gemeinsam:

1. Een intelligente Staat

D'Regierungen sollten hire Bierger a Bewunner ëffentlech Déngschter zur Verfügung stellen déi qualitativ héichwäerteg sinn. Intelligent Staaten sollen sech dofir andauernd upassen, fir modernst ëffentlech Déngschter an de Beräicher, Educatioun, Gesondheet a Justiz zur Verfügung ze stellen, fir op déi Manéier sozial Inclusioun a Chancëgläichheet ze garantéieren. Gläichzäiteg, erlaben nei Instrumenter de Regierungen hir Verwaltunge méi effikass ze maachen, géint d'Korruptioun virzegoen, an hire Bierger hiert Vertrauen duerch eng haftbar an transparent Landesféierung ze gewannen.

1

2. Wirtschaftlech Renaissance

D'europäesch Vollekswirtschafte mussen de Moteur vun der Gesellschaft hirem Fortschrëtt gin an e gudde Liewensstandard fir all erméiglechen. Dofir, hu mer 3 Plazen definéiert wou mer den Hiewel usetze kënnen:

  1. wirtschaftlech benodeelegt Gebidder erëm opbauen,
  2. féierend Innovatioun fërderen,
  3. d'EU dozou bréngen datt se eng sozial Unioun gëtt
Dëst erfuerdert eng innovativ Politik fir d'Bürokratie ze reduzéieren, d'Aarbechtslosegkeet ze behandelen, d'Innovatioun erëm frësch ze beliewen, an eng intelligenten an nohaltegen Produktivitéit an Handel ze investéieren, an een unifiéierten europäesche sozial a Steiersystem ze schafen.

3. Sozial Gläichheet

Am Joer 2019 soll kee méi zréck gelooss ginn. Jiddereen an Europa muss gläich Rechter a Chancen garantéiert kréien, Mënscherechter solle respektéiert, ugewannt an berécksiichtegt ginn! Fir dëst Zil ze erreechen féiere mer bunnbriechend a global Methoden an, déi eis et erméiglechen eis em all Zorte vun Ongerechtegkeeten an Diskriminatioun ze këmmeren, d'Aarmut ze erliichteren, jiddereen an der Gesellschaft mat ze huelen, Accès zu de Grondbedürfnisser sécherzestellen, an d'Recht vun enger Persoun op hiren eegene Kierper ze stäerken.

4. Globaalt Gläichgewiicht

An eiser haiteger vernetzter Welt, a virun allem no de rezenten Entwécklungen um internationale politesche Plang, muss Europa d'Verantwortung fir seng Roll bei den internationalen Erausfuerderungen unhuelen. Des Erausfuerderungen schléissen Themen an wéi d'Klimaverännerung, internationale fairen Handel, nohaltegen Akerbau, Sécherheet vun den Nahrungsmëttel, Biodiversitéit, Migratiounsfroen, an international Entwécklungskooperatioun. D'Erausfuerderung ass fir eng Politik ze definéieren déi op enger Linn mat den Ziler vun nohalteger Entwécklung läit.

5. Méi Muecht dem Bierger

D'Europäer sollten d'Méiglechkeet kréien fir gutt informéiert politesch Entscheedungen ze huelen. Si sollte kënnen Afloss op d'Politik huelen och zwëschen de Walen. Et soll méiglech si säin demokratescht Recht an enger dynamescher, widderstandsfäeger Demokratie mat Diskussiounskultur auszeüben. Eis Politik baséieren op "Best Praktices" fir d'Fërderung vun enger pluralistescher Informatiouns- an Medien Landschaft, Instrumenter & Technologien fir politesch Engagement an Emanzipatioun, a Weeër, wéi Demokratien gestäerkt kënne ginn.

+1. Reform vun der EU

D'Europäesch Unioun ass eise gemeinsame Projet: mir hunn et fäerdeg bruecht zesummen ze kommen an eng Unioun op ze bauen déi de Fridden a Wuelstand garantéiert huet während méi wéi 60 Joer. Jo, si huet hir Schéinheetsfeeler, dofir wëlle mir d'EU Leedung an Institutiounen reforméieren an stäerken fir ee méi demokratescht, ee méi transparent an ee méi staarkt Europa, fir e federaalt Europa; mir proposéieren eng méi konkret Politik fir méi effikass EU Aktiounen fir d'Interessen vun all europäesch Bierger ze fërderen an ze schützen.

Fannt méi iwwer eis Beweegung op volteuropa.org.